Lëtzebuerger WeltraumagenceRuy Pinto ersetzt LSA-Generaldirekter Marc Serres am Interim

Roy Grotz
Wiessel un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Weltraumagence, wou de Generaldirekter Marc Serres duerch de Ruy Pinto am Interim fir dat nächst halleft Joer ersat gëtt.
© Luxembourg Space Agency

Zanter datt d'Luxembourg Space Agency (LSA) am Joer 2018 gegrënnt gi war, gouf se vum Marc Serres geleet - de Ruy Pinto sengersäits war zanter 2027 bei der SES an huet virun allem un der Entwécklung vun de multi-orbitalen Infrastrukture vun der Betzder Satellittefirma geschafft. Virdru war de Mann bei Inmarsat, sou datt den neie Chef vun der Weltraumagence en zolitte Bagage an deem Domaine matbréngt - dëst ënnersträicht och de President vum Verwaltungsrot Jacques Thill, dee Lëtzebuerg wëll als Hub vum Space-Secteur fest hei am Land verankeren.

Nieft dem Marc Serres verléiert d'Weltraumagence mat sengem Adjoint e weidere vu senge Cheffen - de Mathias Link sengersäits wiesselt bei d'Lëtzebuerger Weltraum-Start-Up "Exobiosphere", déi an der biomedezinescher Recherche aktiv ass a fir d'nächst Joer déi éischt Weltraum-Missioune plangt.

Wou de beruffleche Wee vum Marc Serres hiféiert, deelt d'LSA net mat.

Dat ganzt Schreiwes zum Changement bei der SES fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO