
Den 10. September krut e Mann géint 19:20 Auer an der Rue du Fort Neipperg bei der Stater Gare eng Goldkette vum Hals gerappt. Éischten Informatiounen no sollen zwee Männer bei d'Affer gaange sinn, wéi dësem e Glas op Buedem gefall ass. Ee vun de béide presuméieren Täter huet d'Affer dunn op d'Broscht geschloen, déi aner Persoun huet versicht, d'Affer op de Buedem ze leeën, iert d'Kette vum Mann geklaut gouf. D'Täter si fortgelaf.
En Dag méi spéit, also e Freideg, goufen déi zwee Männer géint 21 Auer am Kader vun engem Police-Asaz zu Hesper identifizéiert an ugetraff. Wéi d'Police déi presuméiert Täter duerchsicht huet, goufen ënnert anerem e puer Bijouen, Boergeld an Handye fonnt a saiséiert.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Männer festgeholl, d'Objeten, déi fonnt gi sinn, goufe saiséiert. E Samschdeg koumen déi Verdächteg virun den Untersuchungsriichter.
Drogendeal zu Gaasperech
De selwechten Dag huet d'Police dann och de Beräich Lëtzebuerg-Gaasperech kontrolléiert an hei de presuméierte Verkaf vun Drogen an Uecht geholl. De presuméierte Client gouf kontrolléiert an et gouf eng kleng Quantitéit Kokain fonnt. Och den Dealer selwer gouf kontrolléiert, hei goufen dann och Boergeld, en Handy, an eng Partie Titercher mat enger wäisser Substanz confisquéiert. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter. D'Ermëttlungen an dësem Fall lafen nach.
Festnam wéinst Mandat d'arrêt
En Donneschdeg gouf d'Police dann zu Gréiwemaacher, méi genee an der Grand-Rue, op e Mann opmierksam, géint deen e Mandat d'arrêt ausgeschriwwe war. D'Persoun gouf kontrolléiert an op Uerder vum Parquet festgeholl, koum op Suessem an de Prisong an hat de Moien drop Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Mann schléit Fra am Garer Quartier
Police hat e Méindeg géint 13 Auer eng kierperlech Ausenanersetzung op der Place de la Gare an der Stad gemellt kritt, bei där éischten Informatiounen no eng Fra vun engem Man geschloe gouf. Den Täter war scho fort, wéi eng Beamtepatrull op der Plaz ukoum, hie konnt awer e bësse méi spéit identifizéiert an an der Avenue de la Liberté op der Héicht vun engem Hotel ugetraff ginn. Hie krut e Plazverweis, well hie weiderhi Passanten ugepöbelt a menacéiert hat. D'Affer koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol.