Invité vun der Redaktioun (21. September)Sascha Helsper, Chef vum MEDIACentre vun der Uni Lëtzebuerg

Annick Goerens
E Méindeg de Moien ass ënnert anerem d'Roll vum Journalismus Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéi erkennen ech, ob eng Informatioun stëmmt oder Fake ass? Wéi vill kënne mir de Medien an Zäite vu Social Media a Kënschtlecher Intelligenz eigentlech nach trauen? A wat ass d’Roll vum Journalismus an dësem komplexen Ëmfeld?

E Méindeg den Owend geet hei an der RTL City um Kierchbierg d’Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous" op. De Sascha Helsper huet mat dorun geschafft. Den Chef vum MEDIACentre vun der Uni Lëtzebuerg an Expert fir Medien a Journalismus ass dofir de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dat direkt no de Noriichten um 8.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO