
Wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, wier e Mann géint 16:30 Auer aus bis ewell onbekannter Ursaach mat senger elektrescher Trottinett gefall an hätt sech dobäi liewensgeféierlech blesséiert. Secouriste waren op der Plaz, de Mann wier net uspriechbar gewiescht an hätt och kee Casque ugehat, heescht et weider.
Am Kader vu weideren Ermëttlungen hätt sech erausgestallt, datt d'Trottinett esou modifiéiert war, datt se déi erlaabte Maximalvitess iwwerschratt huet. Se gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt.