Fléissband zu Suessem a FlamenCGDIS zanter Samschdegowend wéinst Brand an der Industriezon Gadderscheier am Asaz

Bakir Demic
Claudia Kollwelter
Zanter 23:12 Auer sinn zu Suessem an der Industriezon op der Gadderscheier sëllege CGDIS-Ekippen am Asaz. Dat well um Site vu Kronospan e Fléissband brennt.
Zanter 23:12 Auer si Pompjeeën aus sëllegen Asazzentren an der Industriezon Gadderscheier zu Suessem am Asaz.
© Laurent Weber

Wéi d'Police eis op Nofro matdeelt, ass de Brand och um Sonndegmoien nach net geläscht. D'Feier wier "komplizéiert" ze läschen, heescht et. Och wiere Rettungsdéngschter aus Frankräich als Support am Asaz.

Dem CGDIS-Bulletin no brennt e Fléissband. D'Rettungsekippe si mat engem groussen Dispositif op der Plaz, nämlech mat Secouristen aus den Asazzentere vu Suessem-Déifferdeng, Esch, Käerjeng, Péiteng, Diddeleng, Schëffleng, Koler, Tënten an aus der Stad. Donieft sinn awer och méi speziell Asazgruppe sur place, esou zum Beispill de Groupe d’intervention spécialisé contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (GCBRN), de Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) an de Centre de soutien logistique (CSL).

Persoune sinn dem Bulletin no keng zu Schued komm, dat krute mir och op Nofro nach emol confirméiert. Eng eescht Gefor géing och keng bestoen.

Liest och hei:

Back to Top
CIM LOGO