
Vill Detailer konnten aus Sécherheetsgrënn net genannt ginn.
Ma no enger Sëtzung vun der interministerieller Dronen-Cellule huet de Premier Frieden op engem spontan aberuffenen Point-Presse d‘Präsenz déi lescht Deeg vun Dronen am Lëtzebuerger Loftraum confirméiert. Virun allem e Freideg hate méi Drone fir gréisser Perturbatiounen am Fluchtrafic gesuergt.
De Premier huet de Lien mat Dronen-Tëschefäll aus den Nopeschlänner gemaach. Wéi do, géif een och hei d‘Situatioun ganz eescht huelen. Et wär awer kee Grond fir ze panikéieren, erkläert de Premier. D'national Sécherheetsautoritéiten hätte richteg reagéiert. Et wär een och a Kontakt mat der Defense-Allianz NATO. Et géif ee sech mat alliéierte Staate beroden. D'Autoritéiten an Däitschland haten no engem Dronen-Incident um Fluchhafe Leipzig-Halle zum Beispill vun hybride russeschen Attacke geschwat. Aktuell wär et nach ze fréi, fir esou Reprochë mat Gewëssheet maachen ze kënnen, esou de Premier Frieden.
Hien huet präziséiert, dass et sech wuel ëm gréisser Dronen handele géif. Ob se arméiert waren, konnt net confirméiert ginn.
De Policeminister Léon Gloden huet op Nofro vu Journalisten hi gesot, d'Sécherheetsautoritéiten hätte keng vun de besoten Dronen ofgefaangen.
Wärend d‘Defenseministesch an déi fir den Transport Yuriko Backes betount huet, de Virfall géif weisen, firwat d'Alliéiert intensiv amgaange wären, hir kritesch Infrastrukture resilient ze maachen.
Wéi eng Sécherheetsdispositiffen no den Dronen-Incidentë scho gräifen, respektiv nach en place gesat ginn, wollt de Premier Luc Frieden net verroden. Aus Sécherheetsgrënn wären déi Informatioune confidentiel.
Déi national Sécherheetsorganer wären och e Samschdeg de Mëtteg beieneen. Wa méi Gewëssheet do wär, géif d'Regierung kommunizéieren, esou de Luc Frieden.
Déi ganz Pressekonferenz kënnt Dir geschwë bei eis am Replay kucken.
