D'Nouvelle hat sech nawell séier verbreet: Fir d'éischt hunn um spéide Freideg den Owend Screenshotten den Tour gemaach, déi gewisen hunn, datt eng Partie Fligeren iwwer dem Nordoste vum Land kreesen, duerno war et d'Info iwwer Deviatioune vun enger ganzer Partie Flich, déi hätte sollen um Findel landen a quasi parallel dozou sinn an de soziale Medien ëmmer méi Videoen opgedaucht, déi an der däischterer Nuecht opgeholl gi waren an op deenen een hell Punkten am schwaarzen Himmel gesinn huet.
De Lien war du séier gemaach: Dat eent stoung an Zesummenhang mat deem aneren, dat gouf dunn och duerch offiziell Kommunikatiounen nach an der Nuecht op e Samschdeg confirméiert an e Samschdeg kuerz viru Mëtteg gouf et dunn och e Point presse vun direkt dräi Regierungsmemberen, dem Premier Frieden, der Mobilitéits- an Defenseministesch Backes an dem Inneminister Gloden. Hiren Haaptmessage: berouegen. Et géif een elo d'Situatioun analyséieren an et wéilt een net spekuléieren. En attendant géif de Betrib um Findel normal weiderlafen, mee natierlech wier en alertéiert an et stéing een och mat den Nopeschlänner a Kontakt.
An de soziale Medie waren deen Ament schonn eng Rëtsch Videoe vun den Dronen an der Nuecht gepost ginn an RTL hat der och geschéckt krut: Vill Privatleit hunn nämlech e Freideg den Owend Drone gesinn, esou wéi dat och schonn eemol Mëtt Woch de Fall war, dunn awer virun allem an der Géigend vu Miedernach.
E Freideg waren awer op méi Plazen ongewéinlech "Liichtercher" am Himmel ze beobachten – nieft dem Findel och am Norden an am Nordweste vum Land, zum Beispill an der Géigend Gréiweknapp, Bëschdref, Bruch, Dikrech a Colmer-Bierg. Dat geet op alle Fall aus Videoopnamen ervir, déi RTL virleien. Et war also net nëmmen e Phänomen, dee sech op dat direkt Ëmfeld vum Findel limitéiert huet.
Ob et sech dobäi ëm déi selwecht Drone gehandelt huet, déi e gréisseren Tour iwwer dem Land gedréint hunn, ass den Ament grad esou wéineg gewosst wéi, wéi vill Dronen et iwwerhaapt waren. Aus verständleche Grënn hunn d'Autoritéite bis elo keng Detailer iwwer den Incident matgedeelt.