D'natierlech Wäermt aus dem Grondwaasser pompele fir Gebaier ze hëtzen, ze killen a Stroum ze produzéieren. D'Geothermie kann eng méi klimafrëndlech Alternativ zu fossille Réistoffer sinn. An engem Quartier zu Uewerkuer gëtt getest, ob dat och do kéint méiglech sinn, dat tëschent dem Fussballsterrain an der Schwämm. Vun wäitem héiert een eng Maschinn e 400 Meter déift Lach an de Buedem bueren. D'Gemeng well kucken, ob d'Energieversuergung vum Quartier an Zukunft iwwert e geothermescht Netzwierk lafe kéint. Eng Rëtsch Infrastrukture ronderëm d’Sportsanlag zu Uewerkuer géifen dovu profitéieren, seet den Tom Ulveling, éischte Schäffen zu Déifferdeng.
"Mir hunn hei e ganze Koup grouss Gebaier wei der gesitt. Eng Schwämm, e Lycée, eng Schoul, eng Kierch, mir hunn och 12 Buildingen, déi alles un deem Netzwierk do hänken, sou dass mer mengen, mat all dem wat mer do rauskréien, kéinte mer en equivalent vu 420 Wunnenge kéinte mer hëtzen, wann dat sou klappt, wei mir eis dat virstellen. Dofir maache mer elo Prouwebuerungen hei."
D'Gemeng Déifferdeng wëll bis 2030 CO2-neutral an energeetesch onofhängeg ginn. Wéi genee déi geothermesch Energieversuergung funktionéiert, erkläert de Patrick Reder, Ingenieur bei der Gemeng Déifferdeng.
"Do hëlt ee Waasser aus enger 400 Meter raus, déi huet eng gewëssen Temperatur, wat mir elo ebe wäerte rausfannen, déi Temperatur huet d’Waasser jo da schonn an déi musse mer dann op en anere Level maachen. Dat kann een zum Beispill mat elektrescher Energie maachen, mat enger Biomassanlag, well da basste och Co2-fräi, well dass och ganz wichteg, ze soen, mir wëlle jo gäre CO2-fräi ginn. Do kann ee mat enger Biomassanlag dann déi Temperatur op eng Valeur bréngen."
Fir de néidege Stroum ze produzéieren, goufen op den Diecher vun der Sportsanlag scho vill Fotovoltaikanlagen installéiert. Bis Uewerkuer seng Energie tatsächlech duerch d’Geothermie bezitt, kann et awer nach daueren, esou de Stefano Beni, Ingenieur bei der Gemeng Déifferdeng.
"Mir wäerten hei lo bis Dezember déi Buerungen an déi Tester hei maachen. Doropshi wäerten d'Ingenieuren hei déi ganz Konzepter ausschaffen, zesumme mam Waasserwirtschaftsamt an da wäerte mer ech soe mol den Dossier fir d’Ëmweltimpaktstudie zesummegestallt kréien. Dann wäert dat awer locker nach bal bis 2 Joren dauere bis mir hei kennen d’Suite gesinn. Mir erhoffen eis awer fir 2028 hei operationell ze sinn, well mir wëllen eisen BHKW-Motor och ausser Betrib huelen."
Falls d’Tester gutt funktionéieren an de Projet duerchgezu gëtt, géif dee bal 4 Milliounen Euro kaschten, dovu bezilt d’EU d'Hallschent.