
Eng Policepatrull konnt de presuméierten Täter doropshin am Garer Quartier fannen. De Mann huet sech direkt aggressiv géintiwwer de Beamte gewisen an huet missen immobiliséiert ginn. Dobäi huet hien engem Polizist an de rietsen Aarm gebass. Och beim Transport huet de Beschëllegte weider haart protestéiert. Eréischt um Policebüro huet hie sech berouegt.
De blesséierte Polizist war fir eng Kontroll an d'Spidol.