Lycéeslandschaft zu LëtzebuergWat fir Schoulméiglechkeeten huet een nom Fondamental?

Lynn Cruchten
2020/21 hunn am ëffentleche Secondaire knapp 2.400 Schüler international Schoulprogrammer suivéiert. Fir d’Rentrée 2026/27 sinn der dem Edukatiounsministère no ronn 6.900 ageschriwwen.
Wat fir Schoulméiglechkeeten huet een nom Fondamental?
De Punkt fir Punkt mam Lynn Cruchten.

D'Lycéeslandschaft zu Lëtzebuerg ass haut vill méi divers, wéi dat nach viru Joren de Fall war. Fir 2026/27 sinn dem Educatiounsministère no knapp 56.000 Schülerinnen a Schüler am Secondaire ageschriwwen. Dorënner ronn 45.400 am ëffentleche System, a gutt 10.500 am privaten an europäesche Beräich.

Nom Cycle 4.2 kënnen d'Kanner hei am Land an de Lycée classique oder an de Lycée général orientéiert ginn. De Classique ass méi akademesch a bereet virun allem op Héichschoul an Universitéit vir. An den ieweschte Klasse wielt een, jee nodeem a wéi engem Lycée een ass, eng vu mëttlerweil 11 Sektiounen.

Hei eng Iwwersiicht mat den offizielle Bezeechnungen op franséisch:

  • A : Linguistique-littéraire
  • B : Mathématiques-informatique
  • C : Sciences naturelles-mathématiques
  • D : Sciences économiques-mathématiques
  • E : Arts plastiques
  • F : Musique
  • G : Sciences humaines et sociales
  • I : Informatique et communication
  • N : Entrepreneuriat, finance et marketing
  • P : Sciences cognitives et sciences humaines
  • R : Politiques et développement durable

An um Enn vun deem Parcours am Lycée classique steet den Diplôme de fin d'études secondaires classiques, mat deem ee weider ka studéieren oder schaffe goen.
De Lycée général kann een als méi praxisorientéiert ugesinn, mee général heescht net automatesch Beruffsausbildung. Et ginn op 7e mol zwou Méiglechkeeten jee no Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler: D'Voie d‘orientation an d'Voie de préparation.

No der 5e kann een da verschidde Weeër aschloen. Entweder Richtung Beruffsausbildung goen oder de Schoulparcours weiderfueren. Am Enseignement secondaire général kann ee sech an den ieweschte Klassen a fënnef Divisioune spezialiséieren.

Dëst sinn déi 5 offiziell Divisiounen:

  1. Division administrative et commerciale
  2. Division des professions de santé et des professions sociales
  3. Division technique générale
  4. Division artistique
  5. Division hôtelière et touristique

Et kann ee bis op d'1e goen, en Ofschlossexame maachen an dann en Diplôme de fin d'études secondaires générales kréien - an domat och weider studéieren oder schaffe goen.

No der 5e générale kann ee sech awer och fir eng Beruffsausbildung entscheeden. Do ginn et dann dräi Haapt-Diplomer: De Certificat de capacité professionnelle, kuerz CCP. Dann den DAP, dee fir Diplôme d’aptitude professionnelle steet. An den DT, also den Diplôme de technicien. D’Ausbildung fir de CCP an DAP dauert jee 3 Joer. Beim DT sinn et 4 Joer. Alleguer preparéieren op d’Beruffsliewen. Mee jee no Diplom a mat zousätzleche Modulle kann een och dono nach weider an d'Schoul oder studéiere goen.

Nierft dem Enseignement secondaire classique a général ginn et awer och europäesch, respektiv international Programmer.

Lëtzebuerg huet mëttlerweil sechs ëffentlech international Schoulen, déi nom System vun den Europaschoule funktionéieren. Si si fir all Schüler op a gratis. Et gëtt ënner anerem franséisch-, englesch- an däitschsproocheg Sektiounen. An de Parcours féiert zum Baccalauréat européen.

Hei ass d'Lëscht vun de 6 ëffentlechen europäesche Lycéeën zu Lëtzebuerg:

  1. École internationale Differdange & Esch-sur-Alzette (EIDE)
  2. Lënster Lycée International School (LLIS)
  3. École Internationale Edward Steichen (LESC)
  4. École internationale Mondorf-les-Bains (EIMLB)
  5. École internationale Mersch Anne Beffort (EIMAB)
  6. École internationale Gaston Thorn (EIGT)

2020/21 hunn am ëffentleche Secondaire knapp 2.400 Schüler international Schoulprogrammer suivéiert. Fir d’Rentrée 2026/27 sinn der dem Edukatiounsministère no ronn 6.900 ageschriwwen. Dat ass bal eng Verdräifachung a 6 Joer.

Da ginn et awer och nach d’Schola Europea Luxembourg I an II, déi traditionell Europaschoulen. Do ginn et verschidden Zougangskritären, déi mam Statut oder der Aarbechtsplaz vun den Elteren zesummenhänken. Fir Famillen, déi net bei den EU-Institutioune schaffen, kann hei och Schoulgeld ufalen.

Bei de Privatschoulen ginn et déi eng, déi nom Lëtzebuerger Programm schaffen, wéi zum Beispill de Fieldgen. Anerer mat engem eegene respektiv internationale Programm, wéi d’International School of Luxembourg. Jee no Privatlycée falen och Schoulgelder un.

De Schengen-Lyzeum zu Perl ass nach emol e Modell fir sech. Dat ass eng grenz-iwwerschreidend däitsch-lëtzebuergesch ëffentlech Schoul.

Wat am nationalen ëffentleche System dës Schoulrentrée geännert huet ass virun allem d'Sproochen-Offer. Nach viru sechs Joer ware franséischsproocheg Klasse virun allem fir Schülerinnen a Schüler geduecht, déi nei an d’Land komm sinn. 2021/22 koumen dunn déi éischt franséisch 7èmen fir Schüler aus dem Lëtzebuerger Fondamental. An dës Rentrée gëtt déi Offer op méi Lycéeën an alle Regiounen am Land ausgebaut.

De System geet awer net nëmmen a Richtung Franséisch. Am Classique gëtt et nämlech déi ëmgedréinte Beweegung. An den ieweschte Klasse vum Secondaire Classique ass Franséisch jo traditionell d'Unterrechtssprooch. Vun 2027/28 un sollen awer an dräi Lycéeën och däitschsproocheg Sektiounen als Pilotprojet ugebuede ginn. Nämlech am Lycée classique de Diekirch, am Lycée de Garçons Luxembourg an am Lycée Hubert Clément Esch.

Mam Populatiounswuesstëm muss och weider verstäerkt a Schoulinfrastrukturen investéiert ginn. D'Regierung huet virgesinn bis 2050 nach 11 ganz nei Lycéeë ze bauen. A parallel si kuerz- a mëttelfristeg 17 Bau- an Ausbauprojeten geplangt.

Back to Top
CIM LOGO