En Donneschdegowend an an der Nuecht op e FreidegAbroch an Haus zu Betteng op der Mess, Goldketten an Auer an der Stad geklaut

RTL Lëtzebuerg
En Abroch an zwee Déifstall hunn d'Police en Donneschdegowend beschäftegt.
© RTL Archiv

An der Rue du Nord an der Stad krut e Mann, dee sech aus engem Café op den Heemwee gemaach huet, seng Auer vum Handgelenk gerappt. Den Täter konnt flüchten an eng Enquête gouf lancéiert.

Am Garer Quartier krut e Mann seng Goldkette vum Hals gerappt, wéi hien an en Tram geklommen ass. Éischten Informatiounen no hat den Täter d'Affer virdrun an e Gespréich verwéckelt. Wéi den Tram un der Statioun ukoum, huet den Täter de Mann ëmäerbelt an ëm dobäi d'Kette vum Hals gerappt ier e geflücht ass.

Tipps fir Iech virun Iwwerfäll ze schützen, fannt Dir hei.

E Freideg no Hallefnuecht, géint 0:40 Auer, krut d'Police en Abroch an en Haus an der rue Laangert zu Betteng op der Mess gemellt, wou e Brigang duerch de Gaart an d'Haus koum nodeems en eng Fënster futtigeschloen hat. Ënner anerem Boergeld gouf geklaut, eng sich nom Täter hat bis ewell keen Erfolleg.

Back to Top
CIM LOGO