Héichschoulministesch reagéiert op Spiegel-RechercheD'DTMD, eng Schoul fir Zänndokteren, huet Mastertitele verginn, déi guer keng sinn

RTL Lëtzebuerg
Eng 500 auslännesch Zänndoktere si vun enger privater Schoul, déi vun 2017 un hire Sëtz zu Wolz am Schlass hat, wéi et schéngt, zerguttstert op d'Ae gedréckt ginn.

Et geet ëm d'DTMD, dat steet fir "Digital Technologies in Medicine and Dentistry". D'Schoul huet beruffsbegleedend Coursen ugebueden an hire Studenten, déi sech spezialiséiere wollten, en akademesche Mastertitel versprach.

D’DTMD, eng Schoul fir Zänndokteren, huet Mastertitelen verginn, déi keng sinn
Héichschoulministesch reagéiert op Recherche vum "Spiegel"

Dobäi hat d'Schoul guer kee Recht fir déi Titelen ze verginn, wéi den däitsche Spiegel no Recherchen erausfonnt huet. Dofir hätt si zu Lëtzebuerg als Héichschoul missten unerkannt sinn, mä dat war net de Fall. D'DTMD hat eng Autorisation d'etablissement vum Wirtschaftsministère fir berufflech Weiderbildungen unzebidden, dat ass net dat selwecht, wéi eng Héichschoulformatioun.

Schonn 2020 gouf den Héichschoulministère eng éischte Kéier gefrot a wéi wäit déi Schoul akademesch Titelen dierft verdeelen an d'Äntwert war eigentlech du schonn däitlech. Déi zoustänneg Ministesch Stéphanie Obertin: "Si hat an deem Sënn am Fong kee Recht d'Diplomer ënnert Master, Bachelor oder Doktorat ze verdeelen. An eiser Gesetzgebung waren deen Ament Wierder wéi "University", "Bachelor", "Master", "Doktorat" net geschützt. Mir hunn du missen d'Gesetz upassen."

Dat ass virun zimmlech genee dräi Joer geschitt, op de 15. September 2023. D'Schoul gouf dorop opmierksam gemaach, datt se sech net méi Universitéit dierf nennen. Se huet awer weider Diplomer verdeelt, déi keng waren. "Mir hunn du misste waarden, bis mer Pièces à l'appui haten, déi krute mer dunn eréischt am Mäerz/Abrëll dëst Joer. Dat huet eis dunn erlaabt, eng Denonciatioun beim Parquet ze maachen, datt déi Schoul u sech Diplomer verdeelt, déi net valabel sinn."

De Spiegel nennt d'Beispill vun enger Fra, déi nieft hirem Beruff als Zänndoktesch zwee Joer laang op Seminären op Frankfurt gaangen ass an dunn e Master of science an der Kiferorthopädie ausgestallt kritt huet, deen hiren eegene Wieder no, net méi Wäert ass wéi e Stéck Toilettëpabeier. Mat 31.000 Euro war en awer e gudde Strapp méi deier. Fir déi Betraffe bleift onkloer, ob se déi Suen jee eng Kéier zeréckkréien.

Back to Top
CIM LOGO