Mir haten et e Mëttwoch scho gemellt, en Donneschdeg gouf et dann offiziell confirméiert: déi 68 Bauerebetriber, déi hir Mëllech net länger un d'EKABE liwwere kënnen, gi vun der Luxlait iwwerholl. Dat lo mol fir eng Iwwergangszäit vu 4 Joer, wärend där eng Nohaltegkeetsanalyse gemaach gëtt, fir ze kucken, ob eng Zesummenaarbecht iwwert d'Joer 2031 eraus sënnvoll ass.
Am Ganze geet et ëm ronn 55 Millioune Liter Mëllech. Enn Mee war et jo d'Annonce, datt d'EKABE, déi zum franséische Grupp Lactalis gehéiert, d'Kontrakter mat de Bauere vun der Genossenschaft Prolek op den 31. Mäerz dat nächst Joer auslafe léisst. D'Verhandlungen tëscht der Prolek an der Lëtzebuerger Molkerei hate kuerz dono ugefaangen.
De Vic Wirtz, President vu Prolek, weist sech mam Resultat op alle Fall ganz zefridden: "Dës Kris huet Prolek net geschwächt, am Géigendeel, si huet gewisen, wat mir kënnen erreechen, wa mir zesummestinn, Verantwortung iwwerhuelen an eng Léisung schafen. Haut schwätze mir net just iwwert 55 Millioune Liter Mëllech, mir schwätzen iwwer 68 landwirtschaftlech Familljebetriber, iwwer Fraen a Männer, iwwer Familljen an hir Zukunft. Datt mir hinnen haut erëm eng konkret Perspektiv kënne ginn, ass d'Resultat vu vill Aarbecht, engem staarken Zesummenhalt an enger aussergewéinlecher Zesummenaarbecht."
Elo hunn d'Betriber nach bis de 25. September Zäit, fir de Kontrakt mat der Luxlait ze ënnerschreiwen. RTL-Informatiounen no empfannen eng Partie Baueren deen Delai awer als ze kuerz.
Méi iwwert déi zukünfteg Zesummenaarbecht tëscht der Prolek an der Luxlait héiert der an eisem Reportage en Donneschdeg den Owend um 19:30 Auer am Journal op der Télé an och e Freideg de Moien um Radio.