Marc Spautz iwwert AarbechtszäitorganisatiounFlexibiliséierung am Kader vun Kollektivverträg

Michèle Sinner
"Et stoung fir mech ausser Fro, datt d’Kollektivverträg de Wee sollen sinn, fir d’Aarbechtszäitorganisatioun ze reamenagéieren."
© Céline Eischen

Sou léisst sech d’Positioun vum Aarbechtsminister Marc Spautz resuméieren, deen am Regierungsrot Rapport iwwert den Dossier gemaach huet.

No änlechen Aussoe um Dënschdeg bei de Kolleege vum 100,7 hat de Patronatsverband UEL Owes reagéiert a gefrot, firwat d’Flexibiliséierungsméiglechkeete sollen op Kollektivvertragsverhandlunge beschränkt ginn. Op d’Fro, ob hie bei senger Positioun bleift an d’Koalitioun op deem Punkt gëeent ass, sot de Marc Spautz am RTL-Interview:

"Mir hunn de 15. Juli 2026 e Plan d'action ugeholl, wou drasteet, dass mer géifen déi Ouverturen an den Aarbechtszäitorganisatiounen iwwer Kollektivvertrag maachen. Dat ass e Plan d'action, deen ugeholl ginn ass vun de Sozialpartner generell. Dat war deen 1. Accord, dee mer fäerdegbruecht hunn, nodeem de Sozialdialog elo e bëssen ënnerbrach war, dat steet do dran. Mir hunn dat och esou op Bréissel ginn, dofir war dat fir mech sans question vun Ufank un, dass dat och de Wee soll sinn, fir déi Aarbechtszäitorganisatioun deementspriechend hinzekréien.”

Gemengt ass domat de Plan d’action, deen am Kader vun der Mindestloundirektiv muss ausgeschafft ginn, fir d’Zuel vun de Kollektivverträg erop ze setzen.

Do dra gëtt a Punkto Aarbechtszäitorganisatioun d’Méiglechkeet evoquéiert, fir fir d’40-Stonne-Woch op véier Deeg ze verdeelen, datt méi Pausen am Dag kënne gemaach ginn, respektiv Amenagementer vun der Rouzäit de Weekend. "Toute évolution de l’organisation du temps de travail serait subordonnée à la conclusion d’une convention collective", heescht am Dokument, deem also och d’UEL an d’Gewerkschaftem am Juli zougestëmmt haten.

Am Fong hat de Marc Spautz net méi wëlles, e Freiden nach emol am Comité permanent du Travail et de l’Emploi (CPTE) iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun ze schwätzen. Ma um RTL-Mikro sot hien um Mëttwoch:

“Ech wäert de Freideg nach eng Kéier mat hinnen doriwwer diskutéieren a meng Prioritéit ass nach wie vor déi, dass mer eis un dat halen, wat mer de 15. Juli ausgemaach an op Bréissel ginn hunn, an dass mer dann och wäerte fäerdeg bréngen, do awer an deenen Diskussiounen, dass mer do wäerte vläicht zu engem Accord kommen a wann et net zu engem Accord kënnt, dann ass et u mir als Minister déi politesch Responsabilitéit ze huelen an déi Projeten ze hannerleeën, déi ech da fir richteg fannen.”

E Freide soll am CPTE am Fong iwwert d’Ëmsetzung vun engem anere kriddelege Punkt vun der Mindestloundirektive geschwat ginn. Nämlech wéi gemooss gëtt, ob de Mindestloun héich genuch ass a wéi en am Verglach mat der allgemenger Lounentwécklung evoluéiert.

Ënnert dem Marc Spautz sengem Virgänger Georges Mischo war et do driwwer décke Sträit ginn. Notamment ëm d’Fro, ob een d’Staatsbeamtepaie soll aus der Berechnung ewech soll loossen, respektiv, d’Boni an d’Primmen, fir ze kucken, ob de Mindestloun 60 Prozent vun der Median vun den anere Léin am Land entsprécht. Op Nofro, wéi hien dozou steet, sot de Marc Spautz: “Also ech ka mer net virstellen, dass mer op eemol einfach soen, dass d'Fonction publique net géif domat berechent ginn.”

Wat d’Boni an d’Primmen ugeet, huet hie gemengt: “Dat si Punkten, iwwert déi ee muss kucken, mat wat fir enger Definitioun. An dat solle mer e Freideg maachen. An ech wëll deenen d'Diskussiounen net virgräifen. Ech hunn dat scho virgeworf kritt. Ech hat verschidde Saache virgegraff. Dofir wëll ech dat elo net nach eng zweete Kéier maachen.”

Back to Top
CIM LOGO