
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf d'Police géint 15 Auer op d'Gare zu Luerenzweiler geruff, wou hinnen ee Mann gemellt gi war, deen op de Gleise wier. Op der Plaz hu si dee "sichtlech alkoholiséierte" Mann dann och ugetraff, deen zum Gléck entretemps nees op der Strooss ënnerwee war. Well hien eng Gefor fir sech a fir anerer war, gouf hien no enger medezinescher Ënnersichung mat op de Policebüro geholl, fir nees zou sech ze kommen. Et gouf ee Protokoll erstallt.
Op der Gare gouf de Beamten dann nach géint 18:30 Auer gemellt, datt aus engem Supermarché op der Place de la Gare Saache geklaut gi wieren. Ee Mann hat eng Fläsch Alkohol matgoe gelooss a war vun engem Sécherheetsmann erwëscht ginn. Hien hat schonn ee gudde Krack ze vill gedronk a koum dofir och no enger Ënnersichung an d'Ausniichterzungszell, well hien onkooperativ an eng Gefor fir sech an anerer war.
An der Rue du Fort Neipperg op der Gare gouf et en Dënschdeg den Owend géint 23:30 Auer dann och nach ee Policeasaz, well sech e puer Leit an d'Hoer kruten. D'Beamte konnte kuerz drop eng Persoun stoppen, déi méiglecherweis um Sträit bedeelegt war. Ma och hie war - wuel och wéinst sengem Alkoholpeegel - onkooperativ. Hien huet no de Poliziste geschloen a getrëppelt, esou datt och hie mat an de Passagearrest geholl gouf.