Drëtten EthikdagWien decidéiert, wéi ech am Alter liewen?

Dany Rasqué
An der nationaler Gesondsheetsschoul goung et Dënschdeg de ganzen Dag ëm ethesch Froen am Alldag vun den Alters- a Fleegeheemer an hire Bewunner.
An engem vun der Workshoppe goung et och ëm d'Fro, wat eng Patienteverfügung nach Wäert ass bei enger Persoun, déi Demenz huet.
© Dany Rasqué

Néng Lëtzebuerger Gestionnairen, dorënner Servior, Elisabeth Senior an d'Fondation Jean-Pierre Pescatore, hate sech zesummegedoen, fir e gemeinsamen ethesche Comité z'organiséieren an en Dënschdeg hu se schonn op hir drëtt Journée d'éthique invitéiert. Um Programm stoungen, ënnert anerem, verschidde Workshoppen.

Ethikdag an der nationaler Gesondheetsschoul / Rep. Dany Rasqué

D'Resultater aus deenen Aarbechtsgruppe sinn duerno an der grousser Ronn virgestallt ginn an do goung et zum Beispill ëm d'Fro, wéi een domadder ëmgeet, wa Leit net an en Altersheem wëlle goen. Sech géint d'Famill duerchzesetzen, ka schwiereg sinn a verschiddene Fäll kann eng Struktur och besser sinn. Mä um Enn soll dee Mënsch decidéieren, ëm deen et geet, wann dat nach méiglech ass.

D'Christine Schroeder aus dem Ethikcomité: "Do kënnt jo och de Problem, wien ënnerschreift de Kontrakt? A wann d'Persoun selwer de Kontrakt net ënnerschreift oder huet keng Vertrauenspersoun ernimmt? Dann hu mer scho keng Admissioune geplangt. Et war schonn emol esou wäit, dass mer eng Persoun sollten ophuelen, déi dogéint war, do sinn d'Raten am Haus gelaf, do huet et era gereent, mä déi war partout dogéint an déi hu mer och net opgeholl an déi ass och gestuerwen eleng doheem."

© Dany Rasqué

D'Christine Schroeder seet, et misst een och kucken, wéi kloer déi betraffe Persoun nach am Kapp ass. Bei Leit, déi Demenz hunn, ass dat net méi esou einfach. Dofir goung et och an engem vun der Workshoppen ëm d'Fro, wat eng Patienteverfügung nach Wäert ass bei enger Persoun, déi Demenz huet an iergendwann festgehalen hat, si wéilt ënner kengen Ëmstänn am Fall vun enger schwéierer Krankheet an d'Spidol kommen.

Den Dokter Frank Jacob explizéiert den Dilemma, deen et fir hien an esou engem Fall gëtt: "Op där enger Säit seet ee sech jo, ech muss jo dat maachen, wat dem Patient säi Wëllen ass. Deen huet dat jo geschriwwen. Ech muss seng Autonomie respektéieren. An op där anerer Säit seet ee sech awer, jo, mee dee Patient, deen ass jo elo een aneren, deen ass jo lo dement. Dat ass net méi deen, dee virun 20 Joer eppes geschriwwen huet, deen ass jo lo hei, fillt sech gutt, fillt sech wuel. Jiddereen ass frou mat him. An dat ass elo net méi déi selwecht Persoun. Déi Perséinlechkeet huet sech duerch seng Demenz verännert an et kann een also elo net méi à la lettre dat huelen, wat deen deemools geschriwwen huet."

Et gëtt dofir recommandéiert, d'Patienteverfügung sou präzis wéi méiglech ze formuléieren, eng Vertrauenspersoun ze nennen, an där och dat néidegt Handwierksgeschier ze ginn, fir datt se weess, op wéi enger Basis se eng Decisioun hëlt.

Da goung an engem vun de Workshoppen och iwwer Alkohol rieds, well och dat ass e Problem an den Altersheemer. Net dee klenge Pättchen, mä da wann et méi ass.

Den Dokter Maurice Graf ënnersträicht awer, datt ee kee Resident forcéiere kann, seng Gewunnechten am Altersheem op eemol komplett z'änneren: "Jiddweree muss kënne selwer bestëmmen, an dat gesäit d'Gesetz och esou vir, an d'Ethik seet dat och ganz kloer. Jiddweree muss säi Liewe kënnen esou liewen, och seng absurd Choixen, déi en trëfft, muss hie kënnen duerchliewen an erlaabt kréien. Mir kënnen do näischt verbidden. Da schwätze mer erëm vun Autonomie, vu Selbstbestëmmung vum Patient, an déi muss ech total respektéieren. Ech däerf mat mengem Liewe maachen, wat ech wëll. A wann ech et verdrénken, dann ass et dat esou."

Fir Lëtzebuerg hat den Dokter Maurice Graf keng Statistiken, mä et ginn der aus Frankräich. Do hunn ongeféier 30 Prozent vun de Männer an den Altersheemer en eeschte Problem mat Alkohol. Bei de Frae sinn et 15 bis 20 Prozent.

© Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO