Krisesëtzung aberuffVun 2027 u keng Lëtzebuerger Mëllech méi an EKABE-Produiten?

Claude Zeimetz
D'Produzente vun der Molkerei EKABE krute vun hirer Direktioun matgedeelt, datt de Betrib zu Eescheler den aktuelle Kontrakt mat de knapp 70 Baueren vun der Genossenschaft net méi verlängere wëllt.
© Domingos Oliveira / RTL

Fir nächste Méindeg den Owend ass eng Krisesëtzung aberuff. En Donneschdeg de Moie kruten d'Produzente vun der Molkerei EKABE vun hirer Direktioun matgedeelt, datt de Betrib zu Eescheler den aktuelle Kontrakt mat de knapp 70 Baueren vun der Genossenschaft net méi verlängere wëllt. Eng Fermeture ass awer net geplangt.

An der Praxis heescht dat, datt tëscht Ufank a Mëtt 2027 opgehale géif ginn, Lëtzebuerger Mëllech fir d'Produite vun der Molkerei ze verschaffen. D'Mëllech géif deemno aus dem Ausland importéiert fir hei zu Kéis, Ram a weider Produite verschafft ze ginn.

Als Argument kruten d'Bauere reng wirtschaftlech Grënn genannt. D'EKABE gehéiert zanter 1989 zu der franséische Multinationale Lactalis. Den Ament liwwere knapp 70 Lëtzebuerger Bauerebetriber all Joer eng 50 Millioune Liter Mëllech un d'Molkerei zu Eescheler.

Éischt Reaktiounen

De President vun der Landwirtschaftskammer huet d'Nouvelle och kal erwëscht. Hie wier duerch RTL gewuer ginn, datt d'Molkerei wëlles huet, vum 1. Abrëll u keng Lëtzebuerger Mëllech méi ze verschaffen, sot de Christian Hahn an enger éischter Reaktioun. Eent ass sécher: Et gëtt net einfach, déi knapp 70 Produzenten opzefänken. Hir 56 Millioune Liter, déi den Ament bei d'EKABE ginn, maachen 10 bis 15 Prozent vun der järlecher Mëllechproduktioun hei am Land aus. Dat wier einfach ze vill, fir datt d'Mëllech einfach sou vun der Luxlait zum Beispill geschléckt kéint ginn.

D'Landwirtschaftskammer wëll de concernéierte Bauere bäistoen a kucken, wat méiglech Piste wieren. Datt et lo méi bëlleg gëtt, fir Mëllech aus Frankräich zu Eescheler weider ze verschaffen, amplaz déi lokal Mëllech ze benotzen, kann de Christian Hahn net wierklech gleewen.

Eng lokal Produktioun vun de kuerze Weeër gesäit op alle Fall anescht aus. Respektiv stellen d'Leit, déi sech bewosst fir lokal Lëtzebuerger Produiten decidéieren, sech definitiv eppes aneres drënner fir. De Christian Hahn gëtt dann och ze bedenken, datt duerch sou Decisiounen de Risiko besteet, datt de Lëtzebuerger Client dann och manner EKABE kafe wëll.

D'EKABE hat en Donneschdeg de Mëtteg och eng Reunioun am Landwirtschaftsministère mat der Ministesch Martine Hansen.

Back to Top
CIM LOGO