VermësstemeldungD'Police sicht nom 23 Joer ale Bob Patrick Reis

RTL Lëtzebuerg
Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat vun Ettelbréck.
© Police / RTL

D'Police sicht aktuell nom 23 Joer ale Bob Patrick Reis. Hie gëtt zanter en Dënschdeg vermësst.

De Mann ass tëscht 1.70 an 1.80 Meter grouss an dënn. Hien huet kuerz, schwaarz Hoer an dréit e Brëll. Wéi hie fir d'lescht gesi gouf, hat hien eng schwaarz Kap a méiglecherweis a schwaarzen T-Shirt un.

Wien Informatiounen iwwert dee Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vun Ettelbréck ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 84 1000 oder via Mail u "police.ettelbruck@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO