Aus dem Bulletin vun der PoliceWäertsaachen aus Camionnette verschwonnen a këschteweis Zigarette geklaut

Tom Nols
An zwee Geschäfter ass an de leschte Stonnen agebrach ginn, aus enger Camionnette si perséinlech Objete geklaut ginn an aus enger Lagerhal si këschteweis Zigarette verschwonnen.
An de leschte Stonnen ass puermol agebrach a geklaut ginn.
© RTL Archiv

Objeten aus geparkter Camionnette geklaut

E Mëttwoch war der Police gemellt ginn, dass an der Rue d'Audun zu Esch-Uelzecht aus enger Camionnette perséinlech Objete geklaut gi wieren. Rucksäck an aner Géigestänn, wéi Smartphonen, e Laptop, Boergeld an Autosschlësselen haten Onbekannter matgoe gelooss, wärend d'Gefier beim Belueden net zougespaart war.

Am Laf vun der Ermëttlunge konnten dräi verdächteg Persounen an engem Lokal an der Avenue de la Liberté an der Stad ugetraff ginn. Zwou dovu konnten no engem Fluchtversuch gestallt ginn, eng drëtt Persoun, no där weider gesicht gëtt, ass entkomm. Wärend hirer Flucht haten déi presuméiert Täter alles, wat se geklaut haten, ewech gehäit. D'Objete konnten duerno un d'Besëtzer zréckgi ginn.

Këschteweis Zigarette geklaut zu Ierpeldeng

En Dënschdeg huet géint 17:00 Auer an der Rue Op Rued zu Ierpeldeng en Täter këschteweis Zigaretten aus enger Lagerhal geklaut. E puer Dose Këschten hätt hie mat engem Weenchen duerch eng Säitendier vun der Hal an du vum Site transportéiert. Eng verdächteg Persoun konnt duerno ermëttelt ginn. E Protokoll ass erstallt ginn an d'Ermëttlunge sinn nach net ofgeschloss.

Abréch an zwee Geschäfter

An der Nuecht op e Mëttwoch ass an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng an e Geschäft agebrach ginn. D'Täter, déi duerch eng Fënster erakomm waren, hunn Zigaretten a Boergeld geklaut.

E Mëttwoch den Owend war et géint 19:45 Auer en Abroch an e Buttek an der Cité Kiämmel zu Wäiswampech. Den Täter, dee mat Gewalt eng Dier opgemaach huet, konnt Boergeld aus enger Kees matgoe loossen. A béide Fäll goufe Protokoller erstallt an Ermëttlungen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO