
Um fréie Moien ass et op der Aire de Capellen op der A6 zu engem gréissere Policeasaz komm. Den éischten Informatiounen no hunn eng Fra an e Mann hei e puer Mol Saache vun der Tankstell geklaut. Ausserdeem soll et tëscht deenen zwee zu enger kierperlecher Ausernanersetzung komm sinn.
Wéi d'Police op der Plaz agetraff ass, sinn déi zwee dann trotz hirem Sträit zesummen op engem Moto geflücht, dee weder ugemellt, nach verséchert war. Dobäi si si kuerzfristeg géint de Verkéier iwwert d'Autobunn gefuer. Si konnten allerdéngs kuerz drop gestoppt ginn a goufe kontrolléiert. En Alkohol- an den Drogentest, déi beim Fuerer gemaach goufen, waren allebéid positiv. Hien hat ausserdeem kee Fürerschäin a war net verséchert. Hie koum an de Passagearrest an de Moto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.
Géint 16:45 Auer mëttes krut d'Police dann staark alkoholiséierte Mann gemellt, dee sech beim Parkhaus op der Stater Theaterplaz géing opfälleg géigeniwwer deenen anere Passante verhalen. Well hien opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, koum och hien, no enger medezinescher Kontroll, an den Arrest.
Géint 19 Auer war dann e staark alkoholiséierte Mann zu Dikrech beim Vëloswee ënnerwee. Den éischten Informatiounen no wier hie bal an de Floss gefall an hätt sech géigeniwwer de Beamte vum Rettungsdéngscht onkooperativ verhalen. Och hie koum wéinst sengem Zoustand no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.