D'nächst Woch zu New YorkDe Grand-Duc wäert virun der Vollversammlung vun der UNO schwätzen

Joel Detaille
Et wäert drëms goen, d’Positiounen an d’Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché z'erklären. Ausserdeem wäert de Groussherzog um Ground Zero Blummen néierleeën.
© RTL Archivbiller, Domingos Oliveira, Maison du Grand-Duc/Sophie Margue

D’nächst Woch ass déi 81. UNO-Vollversammlung zu New York. De Grand-Duc Guillaume wäert dohi reesen an en Dënschdeg och eng Ried halen. Dat huet de groussherzoglechen Haff confirméiert.

An der Ried wäert et drëms goen, fir d’Positiounen an d’Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché z'erklären, heescht et. Mat op New York wäert och de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel reesen.

De Grand-Duc gesäit zu New York och den UNO-Generalsekretär Guterres fir Gespréicher, genee wéi och Lëtzebuerger, déi an den USA wunnen. Ausserdeem wäert de Groussherzog op New York reesen, fir um Ground Zero e Kranz néier ze leeën, fir den Affer vun den Terroruschléi vu viru 25 Joer ze gedenken.

Liest HEI de Communiqué vum groussherzoglechen Haff.

Back to Top
CIM LOGO