FindelSchmuggel vun 122.418 Zigaretten opgeflunn

RTL Lëtzebuerg
Enn August si vun der Douane um Fluchhafen dräi Persounen erwëscht ginn, déi sechs Wallisse voll Zigaretten an d'Land wollte schmuggelen.
Méi wéi 120.000 illegal Zigarette sinn der Douane um Findel an d'Netz gaangen.
Méi wéi 120.000 illegal Zigarette sinn der Douane um Findel an d'Netz gaangen.
© ROMAIN COSTASECA/Hans Lucas via AFP

Den 28. August owes si vun der Douane um Findel dräi Passagéier kontrolléiert ginn, déi mat engem Fliger gelant waren, dee vu Warschau koum. Een Armenier an zwee Bulgaren hate sechs Wallisse voll Zigaretten aus Drëttlänner dobäi, déi si laanscht d'Douane wollte schmuggelen.

Am Ganze sinn 122.418 Zigarette gezielt ginn, déi ursprénglech aus der Tierkei an Armenien waren. Duerch den Transit iwwer Jerewan, Istanbul a Warschau sollt eng Rees duerch Europa simuléiert ginn. An Zesummenaarbecht mat de franséischen Autoritéiten ass erauskomm, dass d'Zigaretten hätten an d'Géigend vu Bordeaux geliwwert ginn. Déi franséisch Douane ass iwwer d'Saisie informéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO