Un der Parteie-Konstellatioun ännert dat Personal-Karussell näischt.
"Sweet Caroline" – e Lidd als Zort Insider, dat fir dem André Zwally säin definitiven Äddi gespillt gi war am Escher Gemengerotssall. 24 Joer laang huet hie sech an der Escher Gemeng engagéiert.
"Ech behalen op jidder Fall zeréck, dass mir hei an Esch eng Ausriichtung haten, déi ëmmer mat Solidaritéit behaft war. Mir hu ganz vill mateneen diskutéiert. Mir hunn och emol matenee gestridden. Mir hunn och matenee gelaacht. An am Endeffekt muss ech soen, dass deen Deel vun Mënschlechkeet, deen een zu Esch erëmfënnt, ëmmer och hei an den Debaten war. An ech mengen, dat ass dat, wat fir mech wichteg war a wou ech och mengen, dass dat dee richtege Wee war.“
Op d‘Escher Mënschlechkeet, dorobber komme mir nach eng Kéier zeréck. Elo gëtt de Pascal Bermes ee vun zwee CSV-Schäffen un der Säit vum Buergermeeschter Christian Weis. Den Direkter vum Escher Jongelycée krut 18 vun 19 Stëmmen. Hie schwätzt vun enger Éier a groussen Erausfuerderungen.
"Ma dat eent ass einfach Esch gestalten fir d' Zukunft. Well Esch wäert wuessen. Dat heescht, mir mussen och kucken, dass Esch gutt wiisst, dass d'Servicer do sinn, also déi Saachen, déi vläicht kee sou richteg interesséieren, alles wat Reseau ass, Elektresch, Waasser, Kanal. D'Hygiène muss ëmmer do sinn an dann natierlech d'Projeten, déi am Koalitiounsvertrag sinn, ewéi Mesuren fir den 3. Alter.“
Genuch ze dinn och fir d‘Daliah Scholl vun der DP. Si wiesselt mam Pim Knaff, deen am Gemengerot bleift. Kloer, fir d‘Musekerin steet d‘Kultur an Esch am Mëttelpunkt, awer net nëmmen.
"D'Chancëgläichheet an och de Stellewäert vun der Fra an eiser Gesellschaft, vun de Meedercher, dat sinn och fir mech extrem, extrem wichteg Sujeten, grad an deenen Zäiten, déi de Moment esou opkommen. Ech hätt gären, dass d' Fraen an déi jonk Meedercher hei an Esch sensibiliséiert ginn, an dass se sech och wuel spiere bei eis an der Stad.“
Op d'mannst am Schäfferot verbessert sech d‘Opdeelung. Zwou Frae mëschen de schwaarz-blo-grénge Männerclub elo op. Woubäi déi nei gréng Schäffin Mandy Ragni, déi mam Meris Sehovic d‘Poste wiesselt, dat relativéiere wëll.
"Also ech hat jo de Privileeg schonn 2017 eng Kéier kënnen am Schäfferot ze sëtze mat enger Männerekipp als eenzeg Fra. Ech muss awer trotzdeem soen, dass déi Kollegialitéit an de Respekt awer ëmmer do waren.“
Fir si wäerten d‘Schoulen zu Esch eng politesch Prioritéit sinn. Vill positiv Erënnerungen huet den André Zwally verzielt, ma eppes war him wichteg ervirzesträichen. Et misst ee wëssen: Esch wär ebe keng Wellness-Gemeng. Domat mengt hien: Esch huet sech ëmmer solidaresch gewisen mat méi aarme Leit an och néideg Strukture gebaut.
"Mee mir hunn mat erlieft, dass vill Gemenge ronderëm dann op de Wee gaange sinn an dann d'Leit op Esch geschéckt hunn an domadder verbonnen dann ëmmer dofir gesuergt hunn, dass bei hinnen manner Strukture waren oder iwwerhaapt keng. An dofir war mäi Sproch dacks, dass dat awer am Fong Wellness-Gemenge sinn, déi net mat deene selwechte Problemer konfrontéiert sinn. Heiansdo wär et gutt, wann déi sech och iwwert deen dote Wee géife Gedanke maachen.“
Déi dräi nei - Bermes, Ragni a Scholl - wäerten d‘nächst Woch vum Inneminister vereedegt ginn.