
De Gros vun dëse Festname wier an der Stad Lëtzebuerg geschitt. Zanter dem 1. Januar léich d'Gesamtzuel fir d'Haaptstadregioun domat bei ca. 300. An deene meeschte Fäll hätt et sech em Déifställ - deels mat Gewalt -, Drogendelikter oder Abréch gehandelt. D'Police géing besonnesch an deene Beräicher hir Efforten a Saache Preventioun a Bekämpfung verstäerken, heescht et weider am Schreiwes. Et wéilt ee beispillsweis a besonnesch ufällege Géigenden d'Presenz verstäerken oder d'Ouvertureszäite vu bestëmmte Kommissariater upassen, sou wéi och méi reegelméisseg geziilte Kontrollen duerchféieren.