Police mellt um MëttwochDräi Festnamen: No Kierperverletzung zu Iechternach, no Messerattack zu Esch an no Vol a Buttek an der Stad

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf géint 17 Auer eng Kläpperei op der Place du Marché zu Iechternach gemellt. D'Police huet op der Plaz e Mann fonnt, dee vu sech war a medezinesch versuergt gouf.
© Laurent Weber

No éischten Erkenntnesser war et virdrun an engem Café zu engem Sträit tëscht e puer Persoune komm. Ee vun de Bedeelegte soll dem Affer an d'Gesiicht geschloen hunn, wouropshin dësen op de Buedem gefall ass. De presuméierten Täter ass fir d'éischt geflücht, konnt awer kuerz drop beim Iechternacher Séi fonnt ginn. Bei der Identitéitskontroll huet sech erausgestallt, datt géint de Mann schonn en Haftbefeel virlouch.

Festnam no Messerattack zu Esch

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf d'Police an der Uelzechtstrooss zu Esch op eng kierperlech Ausernanersetzung opmierksam. Op der Plaz hunn d'Beamte verschidde Persoune fonnt. Ee vun de Bedeelegte war am Broschtberäich blesséiert ginn.

Éischten Erkenntnesser no war et virdrun zu engem Sträit komm, nodeems eng Fra vun engem Mann belästegt gi war. Wéi aner Persounen op d'Situatioun opmierksam goufen an agräife wollten, koum et zu enger Ausernanersetzung. De Verdächtege soll dobäi ee vun de Bedeelegte mat engem onbekannte Géigestand blesséiert hunn. De blesséierte Mann gouf op der Plaz versuergt an duerno an d'Spidol bruecht. De Verdächtege konnt nach op der Plaz ënner Kontroll bruecht ginn.

Festnam no Vol a Buttek an der Stad

Um Dënschdeg géint 10.30 Auer gouf der Police e Vol an engem Buttek an der Avenue de la Porte-Neuve an der Stad gemellt. Éischten Erkenntnesser no hat e Mann verschidde Liewensmëttel an alkoholescht Gedrénks an eng Täsch gestach an de Buttek verlooss. Kuerz drop gouf der Police eng verdächteg Persoun an engem Tram a Richtung Gare gemellt, déi op d'Beschreiwung vum presuméierten Täter gepasst huet. De Mann konnt kuerz drop vun enger Policepatrull an der Géigend vun der Gare ugetraff ginn. Bei der Kontroll goufen déi geklaute Wueren saiséiert an dem Geschäft zeréckginn.

Back to Top
CIM LOGO