Ried zur Lag vun der Unioun 2026Lëtzebuerger Europadeputéiert reagéieren op d'Annoncë vun der EU-Kommissiounspresidentin

Maxime Gillen
Hir Ried ass weltwäit suivéiert ginn a sollt d'Marsch-Richtung vun der Europäescher Unioun fir déi nächst Jore virginn. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet eng ganz Rei Punkten ugeschwat.
E Mëttwoch de Moien hat d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun gehalen.
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN/AFP

Notamment och wéi d'Aarbecht vun der Unioun soll finanzéiert ginn, woubäi si an Zukunft wëll op nei Ressourcë setzen. Dozou hätt den LSAP-Politiker Marc Angel sech méi Informatioune gewënscht:

"Si huet keng eng konkret eege Ressource gesot. Si huet net vun engem Windfall-Profit geschwat, datt déi grouss Energie-Betriber, déi elo do immens Profitter maachen, datt déi mussen eng Steier ginn. Si huet keng Propos gi konkreet, wéi mer dee Budget a wéi mer déi grouss Erausfuerderungen, déi se gutt beschriwwen huet, wéi mer do déi Äntwerten, déi deelweis och gutt sinn, mee déi musse mer finanzéieren an do ass wéineg komm."

Um administrative Plang, misst d'Unioun méi séier ginn, fënnt d'Kommissiounscheffin. Intern misste Projeten, déi am strategeschen Interessi vun der Unioun sinn, méi séier ëmgesat ginn. Datt d'Prozedure weider vereinfacht solle ginn, gefält der grénger Europadeputéiert Tilly Metz awer guer net:

"Wat si ënnert dem Mäntelche vu Simplificatioun verkeeft, huet se e massive Boost erëm ginn, fir d'Dereguléierung, mir musse méi schnell maachen, mir musse méi schnell maachen, mee dat däerf net op Käschte vun eise Biergerinnen a Bierger goen."

Och den ADR-Politiker Fernand Kartheiser stéiert sech un de Pläng vun der Kommissioun, ma dat virop, well déi eenzel Memberstaaten deels misste Pouvoir ofginn. Hie reprochéiert der Lëtzebuerger Regierung deemno, datt si Initiative matdréit, fir d'Eestëmmegkeet bei EU-Decisiounen ofzeschafen.

Kanada gehéiert zwar net zu Europa, ma kéint an Zukunft ee vun deenen enkste Partner vun der Europäescher Unioun ginn. An hirer Ried zur Lag vun der Unioun, huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen proposéiert, datt Kanada den éischte sougenannten associéierte Memberstaat vun der EU kéint ginn.

De kanadesche Premier Mark Carney hat rezent erkläert, hie géif sech eng eenzegaarteg Sécherheets- a Wirtschaftsallianz mat der EU wënschen. A genee déi schéngt och d'Kommissiounspresidentin am Sënn ze hunn. Eng Iddi, déi den DP-Europadeputéierte Charles Goerens begréisst:

"Ech fannen et ass indispensabel, datt déi puer Staaten an déi puer Mëttelmuechte sech zesummendinn, fir d'Diktat vun deenen dräi grousse Predateuren, déi - Amerika um handelspolitesche Plang, Russland um militäresche Plang a China um industrielle Plang - eist Liewe sauer maachen, datt déi an d'Schranke gewise ginn an datt mer soen: 'mir sinn do, mir hunn Atouten, mir sollen déi asetzen an zesumme mam Här Carney si mer méi staark' an ech hoffen, datt den Här Carney op ee vun den nächste Conseil européen invitéiert gëtt."

E Mëttwoch war de Mark Carney Éieregaascht bei der Ried am Europaparlament zu Stroossbuerg.

Wéi schonn erwaart, huet d'Ursula von der Leyen konkret Annoncen zum Theema Social-Media-Verbuet gemaach. "Mir musse kucken, datt déi Plattforme sécher si fir eis Jugendlech", esou d'Isabelle Wiseler-Lima. Dobäi wier et net wichteg, ob e Verbuet vun 12, 13 oder 14 Joer u soll gëllen.

"Wat wichteg ass, ass datt mir ganz einfach eis Jonk protegéieren. Mir musse verstoen, datt si d'Gedankewelt vun eise Jugendlechen accaparéieren. An déi gëtt accaparéiert vun Algorithmen, déi näischt domat ze dinn hunn, fir datt eis Kanner sech solle gesond entwéckelen."

En Donneschdeg soll schonn en entspriechende Gesetzesprojet presentéiert ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO