D'Lag vun der UniounEU-Plang fir Canicullen, Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 13 Joer a Kanada als "associéierte" Member

RTL Lëtzebuerg
Europa verdeedegt seng Valeuren, no baussen, ma och no bannen. Dat war de roude Fuedem vun der Ried zur Lag vun der Unioun vun der Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen e Mëttwoch de Moie virum Europaparlament zu Stroossbuerg.
Déi ganz Ried zur Lag vun der Unioun vun der Ursula von der Leyen am Replay
D'EU-Kommissiounspresidentin huet e Mëttwoch de Moien hir Ried zur Lag vun der Unioun am EU-Parlament gehalen.

Si huet sech kämpferesch gewisen. Dat bei enger ganzer Rei Sujeten. Ugefaange mat der Gefor vu bannen, duerch Rietsnationalisten an Euroskeptiker, déi uechter Europa u Kraaft gewannen. Europäesch an demokratesch Valeure musse protegéiert ginn, esou d‘Presidentin.

Handelsdefizit bekämpfen a Prozedure vereinfachen

Beim Theema Wirtschaft huet d‘Presidentin sech decidéiert gewisen, eppes géint deen enormen Handelsdefizit vun Europa mat China ze maachen. Dee läit aktuell bei 1 Milliard Euro den Dag. D‘Kommissioun wëll all Hiewel notzen, déi si huet, fir d‘Positioun vun Europa ze stäerken an deen Desequiliber erëm auszebalancéieren.

Ausserdeem muss d‘Unioun méi séier ginn. Intern musse Projeten, déi am strategeschen Interessi vun der Unioun sinn, méi séier ëmgesat ginn. Deemno mussen d‘Prozedure weider vereinfacht ginn. D‘Kommissioun géif do grouss Efforte maachen, ma d‘Presidentin fuerdert och nach méi Asaz vun de Memberstaaten, Prozeduren ze vereinfachen.

EU-Plang fir Hëtztwellen

Mat Bléck op de leschte Summer huet d‘Ursula von der Leyen betount, wéi wichteg et ass, de Klimawandel ze bekämpfen a sech gläichzäiteg un d‘Konsequenzen dovun unzepassen. Si huet en europäesche Plang fir Canicullen annoncéiert. Et bräicht "besser Fréiwarnsystemer a besser Krisepreventioun am Gesondheetssecteur". Donieft sollen déi 100 vulnerabelst Gebidder identifizéiert ginn, fir dann ze kucken, wéi een dës besser ka schützen.

"Associéiert" Memberschaft fir Kanada

D‘EU wëll an Zukunft méi staark mat Kanada zesummeschaffen. Zanter datt et en Handelsaccord mat nordamerikanesche Land gëtt, ass de bilateralen Handel ëm méi wéi 75 Prozent an d‘Luucht gaangen. D‘Ursula vun der Leyen huet proposéiert, datt Kanada deen éischten "Associate Member“ vun der EU soll ginn. De kanadesche Premier Mark Carney war e Mëttwoch de Moie bei der Ried am Parlament mat derbäi.

Verdeedegung stäerken

A Punkto Defense muss d‘EU méi staark ginn an dat heescht, si muss kapabel sinn, séier an effikass op Aggressiounen ze reagéieren. Grad bei hybride Menacë bräicht et e Konsens, wéi een dorobber reagéiert. D‘Kommissioun proposéiert, kloer Prozeduren ze schafen, wat geschitt, wann ee Memberstaat Zil vun esou enger hybrider Attack ass.

Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 13 Joer

Verdeedege misst ee sech iwwerdeems och géint d‘Muecht vu groussen Technologiefirmaen, notamment am Beräich vun de soziale Medien. Hei schwätzt d‘Kommissiounspresidentin vu kognitiver Krichsféierung.

Virop Kanner musse geschützt ginn, virun Technologien, déi dorobber ausgeriicht sinn, hir Opmierksamkeet ze kréien an ze halen. An all déi aner Geforen, déi op dëse Plattformen laueren, wéi Mobbing an Harcèlement. Dowéinst solle sozial Medie fir Kanner ënner 13 Joer komplett verbuede ginn. Tëscht 13 a 15 Joer soll et sougenannt Mini-Konte ginn, déi vun den Eltere geréiert ginn an op maximal eng Stonn Consommatioun den Dag limitéiert sinn.

D‘Kommissiounspresidentin huet och annoncéiert, mat Entwéckler vu kënschtlecher Intelligenz doriwwer beroden ze wëllen, wéi den Developpement ka gebremst ginn.

Der Ursula von der Leyen no war d‘EU gläichzäiteg nach ni esou schwaach an nach ni esou staark wéi elo. Aussergewéinlech Erausfuerderunge stéinge virun der Dier, ma zesummen hätt d‘EU och enorm Moyenen, fir dës unzegoen.

Back to Top
CIM LOGO