Social-Media-VerbuetWat ass an der EU geplangt?

AFP, iwwersat vun RTL
E Mëttwoch wëll d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen erklären, wéi si sech en EU-wäite Social-Media-Verbuet virstellt.
E Verbuet fir Kanner a Jugendlecher géif bedeiten, dass all d'User hiren Alter noweise mussen.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Instragram, Tiktok, Snapchat a YouTube vun 13, 15 oder 16 Joer un? En Donneschdeg wäert eng konkret Gesetzespropositioun kommen. Kloer ass, dass d'EU den Digitalkonzerner weider Virgaben zum Jugendschutz maache wëll. D'Ëmsetzung ass et, wat bei deene meeschte Kappzerbrieches ausléist.

Wéi kéint d'Verbuet ausgesinn?

Engem EU-Beamten no denkt d'Kommissioun driwwer no, e Verbuet fir Kanner a Jugendlecher ënner 13 Joer, respektiv ënner 15 Joer ze proposéieren. Méi jonk Kanner kéinten da just ënner Opsiicht vun hiren Elteren oder dem Léierpersonal Zougang zu Apps kréien a kënnen och keen eegene Profil méi opmaachen. Onkloer ass, ob d'EU-Kommissioun de Verbuet och op aner Internetsäiten oder Spiller ausweide wëll.

Déi meescht Onlineservice, dorënner Snapchat an Instagram, sinn u sech eigentlech souwisou réischt vun 13 Joer un erlaabt. Beim Umelle mussen déi Jugendlech allerdéngs just hire Gebuertsdatum uginn, kontrolléiert gëtt dat awer bis ewell net.

Wat kéint d'EU vun de Firme verlaangen?

D'Experte recommandéieren net just e Verbuet, ma dass de Firmen och Fuerderunge gestallt ginn. Dës sollen hir Apps fir Kanner a Jugendlecher méi sécher maachen, dat heescht ouni Algorithmen, déi süchteg maachen a geschützt viru Gewaltduerstellungen oder Opruff zum Haass. D'Kommissioun kéint Servicer ouni Altersbegrenzung fräiginn, soubal se fir sécher befonnt goufen.

D'EU huet mam Gesetz fir digital Déngschter (Digital Services Act, DSA) allerdéngs scho Reegele fir Digitalkonzerner en place gesat a géint praktesch all grouss Plattformen lafe scho Verfare wéinst dem Mangel u Jugendschutz. Bréissel verlaangt Ännerungen, soss gëtt et deier.

Wie setzt d'Aschränkungen duerch?

Ganz einfach: d'EU-Kommissioun selwer. Si ass fir d'Iwwerwaache vun de groussen Digitalkonzener zoustänneg a ka bei Verstéiss Strofe verhänken. Bis ewell ass onkloer, wéi d'Plattformen den Alter méi streng kontrolléiere sollen.

Eng Méiglechkeet: D'Altersiwwerpréiwung kéint iwwer d'digital Carte d'identité am sougenannten E-Wallet lafen. An Däitschland soll dee vum nächste Joer u verfügbar sinn. D'EU-Kommissioun huet donieft eng App entwéckelt, déi den Alter um Smartphone späichere soll an all verbueden Apps an Internetsäiten automatesch späre soll. E puer EU-Länner testen dës App den Ament. Allerdéngs ass scho gewosst, dass sech dës Altersbeschränkung iwwer e VPN-Zougang ëmgoe léisst.

Wat sinn d'Kriticken?

E Verbuet fir Kanner a Jugendlecher géif bedeiten, dass all d'User hiren Alter noweise mussen. Esou eng Reegelung wier "schiedlech an onverhältnesméisseg", huet de Simeon de Brouwer vun der Organisatioun fir digital Verbraucherrechter (EDRi) kritiséiert. Anerer hunn drop verwisen, dass och Jugendlecher e Recht drop hunn, den Internet ze benotzen. Dovun ofgesinn, dass Dateschützer zweiwelen, ob d'App iwwerhaapt sécher ass.

Eigentlech soll d'Applizéiere bei de Plattformen nëmmen d'Informatioun weiderginn, ob e User al genuch ass. E puer Sécherheetsexperten hunn et allerdéngs gepackt, aktuell verfügbar Prototyppen oder Apps ze hacken an u privat Donnéeën ze geroden.

Wéini kënnt d'Verbuet?

Mol ofgesinn vun den aktuelle Problemer, dierft et nach e bëssen daueren, bis d'EU e Social-Media-Verbuet aféiert. D'von der Leyen wëll hir Pläng wéi gesot e Mëttwoch dem Europaparlament presentéieren. Dono muss d'EU-Kommissioun eng Gesetzespropositioun virleeën, iwwert deen dono d'Parlament an de Rot vun de 27 Memberstaate verhandelt. Dëst dauert an der Reegel schonn e puer Méint. Vill Länner froen zanter méi laangem e Social-Media-Verbuet, dorënner Dänemark, Griicheland a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO