
LSAP an ADR hate gefrot, datt d'Ministesch zu der Kënnegung vun der Konventiounen Stellung bezitt. A grad wéi d'Haltung vun der AMMD bleift déi vun der Politik nawell och ferm.
De konvenionéierte Gesondheetssystem hätt nach ëmmer Bestand a wier och absolut vu kenger Partei a Fro gestallt, sou wéi d’AMMD et wéilt duerstellen, sot formell d'Santésministesch Martine Deprez an der Sëtzung. An dobäi bleift et no de gescheiterte Verhandlungen.
"Et kënnt fir dës Regierung net a Fro, de konventionéierte System a Fro ze stellen. An dat a Verbund mat alle Representante vun der Chamber zesummen." (D'Chamber hat sech am November zejoert an enger ëffentlecher Sitzung unanime zum aktuelle konventionéierte Lëtzebuerger Gesondheetssystem bekannt).
Et géif sécher Lacunnen am System. D'Patienten, déi net séier genuch do versuergt géifen, wou se missten. Ma iwwert all dat géif kee schwätzen. Net an hypokriteschen Diskussiounen, sou wéi et de President vun der AMMD formuléiert hat, mä d'Dier vum Ministère stéing wierklech op. Duerfir bräicht een awer och Partner, déi matdiskutéieren, huet d'Martine Deprez gemengt an domadder de Ball zréck bei d'Doktere gespillt.
Wéi diskussiounsbereet d'AMMD awer nach ass, muss een awer op alle Fall fir de Moment a Fro stellen. Wéi kënnt een dann aus där Sakgaass eraus? Do war d'Alexandra Schoos vun der ADR och iwwerfrot. Si hat dem Dokter Chris Roller e Mëttwoch de Moien um Radio gutt nogelauschtert an do och natierlech héieren, datt deen déi konventionéiert Medezin zu Lëtzebuerg fir dout erkläert hat. D'ADR ass mol frou, datt weider Gespréicher lafen. Do misst ee mol ofwaarden, wat derbäi rauskënnt. An den Ae vum Alexandra Schoos geet de fundamentale Problem awer iwwer d'Konventiounen eraus. De Lëtzebuerger Santéssystem stéing viru strukturellen Erausfuerderungen an d'Zwou-Klasse-Medezin, déi offiziell kee wéilt, wier scho laang Realitéit.
Diskussioune schéin a gutt. Fir de Marc Baum vun déi Lénk kéint et op alle Fall net sinn, datt d'Politik den "Desiderata vun enger handvoll Dokteren" nokënnt, fir de gesamte Gesondheetssystem op d'Kopp ze geheien. Den Oppositiounsdeputéierte stellt d'Representativitéit vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun. Et géifen Dokteren, déi sech net vun der AMMD vertruede fillen. Virun allem d'Aart a Weis wéi d'AMMD d'Diskussiounen iwwer d'Konventioune gefouert huet, iergert den Süddeputéierten. D'Dokteschassociatioun géif d'Politik, géif e ganze System als Geisel huelen, fir d'Walversprieche vun CSV an DP ageléist ze kréien. Dat dierft een net mat sech maache loossen.
D'LSAP hätt sech gewënscht, datt dovunner profitéiert gi wier, fir de Supplement fir d'1. Klass am Spidol an den neie Reglementer op de Leescht ze huelen. De Supplement wier dacks net méi ze vertrieden, sou de fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo. Hien huet der Majoritéit virgehalen, de Mond ze vill voll geholl ze hunn a bis elo nëmme wéineg konkret ëmgesat ze hunn an der Santé. Duerfir wieren d'Doktere rosen. Datt d'AMMD d'Verhandlunge platze gedoen huet, bedauert hien awer ausdrécklech. Allgemeng fuerdert de Mars di Bartolomeo méi Diskussiounen iwwert de Fong wéi iwwer Tariffer an Tarifautonomie.
D'DP-Deputéiert Carole Hartmann gesäit zum Beispill nach ëmmer Diskussiounsbedarf bei de Prozeduren. Et hätt een, wéi scho bei der Tarifgestaltung vun der Psychotherapie, och hei nees gesinn, wéi schwéierfälleg d'Prozedure sinn. Datt elo per Règlement grand-ducal muss legiferéiert ginn, sou d'Carole Hartmann. An déi ganz Verhandlungen hätten och zu Onmutt gefouert. Bei der Dokterschaft an de Patienten. U sech wier am Koalitiounsaccord virgesinn, datt verschidde Methode bei der CNS an d'Nomenclature sollten iwwerschafft ginn. Wéi een dës Diskussioun am aktuelle vergëfte Klima ugoe soll, dorobber huet d'Majoritéitspolitikerin och net kloer geäntwert.