Table ronde vun OGBL an LCGBRekordbeneficer bei de Big Four op Käschte vun de Salariéeën: Wéi laang nach?

Dany Rasqué
Ëm d'Big Four ass et an enger Table ronde gaangen, déi op Initiativ vum OGBL a mat der Ënnerstëtzung vum LCGB organiséiert gouf.
OGBL an LCGB hunn d'Virgoe vun de Big Four krittiséiert.
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

D'Gewerkschaften hunn ënnerstrach, datt et hinnen net drëms geet, Polemik ze maachen. Se wéilten och d'Auditfirme selwer net attackéieren, mä si missten dringend op d'Situatioun vun de Salariéeën opmierksam maachen.

Gewerkschaften iwwer Rekordbeneficer bei de Big Four / Rep. Dany Rasqué

D'Personal géif reduzéiert ginn, d'Leit géifen ënner permanentem Drock stoen an d'Aarbechtsrecht géif ze dacks net respektéiert ginn. Anengems géifen d'finanziell Resultater vun de Big Four explodéieren an d'Profitter géife Joer fir Joer als neie Rekord gefeiert ginn, esou d'Angélique Lazzara, Secretaire centrale beim OGBL.

D'Angélique Lazzara vum OGBL.
D'Angélique Lazzara vum OGBL.
© Dany Rasqué

"No de Chiffere vum STATEC ass d’Zuel vun de Beschäftegten an den Audit-Firme zu Lëtzebuerg bannent zwee Joer ëm 8 Prozent zeréckgaangen. Bei Deloitte a KPMG läit de Réckgang bei ronn 6 bis 8 Prozent. Bei PwC erreecht e souguer 14 Prozent. Dat heescht, datt bannent zwee Joer 530 Aarbechtsplaze verluer gaange sinn."

Gläichzäiteg bleiwen d’Chiffre-d’affaires ganz héich: 765 Milliounen Euro bei PwC, 373 Milliounen Euro bei KPMG an 535 Milliounen Euro bei Deloitte.
An do stellt sech fir mech eng Fro: Wéi kann et sinn, datt et manner Salariéë ginn, den Drock méi grouss gëtt, an ëmmer méi ausgelagert gëtt, an trotzdeem weiderhin esou héich Resultater erwirtschaft ginn?

D'Maria-Helena Macedo, Member am Exekutivbüro vum LCGB stellt fest, datt ëmmer méi Leit, déi fir d'Big Four geschafft hunn, sech mellen, well se ënner Ëmstänn entlooss goufen, déi seriö missten a Fro gestallt ginn. Donieft géifen ëmmer méi Leit entlooss ginn, wa se bis 26 Woche krank sinn an et wier ëmmer méi Flexibilitéit gefrot.

D'Maria-Helena Macedo vum OGBL.
D'Maria-Helena Macedo vum LCGB.
© Dany Rasqué

"Natierlech versti mir, datt d’Entreprise sech un d’Ufuerderunge vun hire Clienten an un d’Entwécklungen um Marché mussen upassen. Mee Flexibilitéit däerf net bedeiten, datt ee permanent disponibel muss sinn, ënner konstantem Drock steet oder datt den Equiliber tëscht Beruffsliewen a Privatliewe permanent a Fro gestallt gëtt."

Den David Angel, Member vum Exekutivbüro vum OGBL, huet kloer betount, datt d'Big Four net wierklech Entreprise wéi déi aner sinn, notamment wéinst de Missiounen, déi hinnen uvertraut ginn.

"Déi gesetzlech virgeschriwwen Audit-Missiounen, déi duerchgefouert ginn, maachen ongeféier dräi Véierel, oder esouguer e bësse méi, vun allen Audit-Missiounen aus, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn.
An et gëtt nach een aneren Aspekt, deen een hei muss ervirhiewen: déi enk Verbindungen zum politesche Milieu. Mir däerfen net vergiessen, datt d’Big Four op déi eng oder aner Manéier och an de politeschen Institutioune vertruede sinn – zum Beispill am Staatsrot oder an der Chamber – duerch Leit, déi virdru bei enger Big Four geschafft hunn oder si vertrieden. Dat ass op ville Plazen an a verschiddenen Institutiounen de Fall. Et ginn esouguer Koalitiounsaccorde mat der Mataarbecht vun e puer vun de Big Four ausgeschafft."

Den David Angel vum OGBL.
Den David Angel vum OGBL.
© Dany Rasqué

D'Gewerkschafte fuerderen offiziell eng onofhängeg Enquête, fir d’Ursaache vun der Baisse bei de Beschäftegungszuelen ze klären. D’Autoritéite missen och sécherstellen, datt keng Entreprise d’Reegele bei Entloossungen oder Kollektiventloossungen ëmgeet. De Salariéeë roden d'Gewerkschaften, sech mat Zäit ze mellen - net eréischt, wa se schonn entlooss goufen.

Back to Top
CIM LOGO