Fir ee Parkhaus zu Rodange gouf et keng ëffentlech AusschreiwungBrauch et méi streng Reegele beim Gesetz vun de Marchés publiques?

Marc Hoscheid
Bei der Piratepartei kritiséiert een, datt den Inneministère quasi keng Sanktiounen ausschwätze kéint. De Gemengesyndikat Syvicol ënnersträicht, datt et trotzdeem Konsequenze kann hunn, wann d'Gesetz net respektéiert gëtt.
© Domingos Oliveira / RTL

Brauch Lëtzebuerg een neit Marchés-publiques-Gesetz a falls jo, sollten d'Krittäre méi oder manner streng ginn? Bei där Fro ginn d'Meenungen auserneen. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet sech e Méindeg an der Chamber fir méi restriktiv Reegelen ausgeschwat an op d'Beispill vun engem Parkhaus zu Rodange verwisen, wou d'Gemeng Péiteng sech net un d'Prozedur gehalen huet. Beim Gemengesyndikat Syvicol gesäit een d'Saach iwwerdeems e bëssi méi differenzéiert.

Direkt nieft der Schwämm Piko zu Rodange gëtt grad ee Parkhaus gebaut, duerch dat d'Zuel vu Parkplaze vun 93 op 175 an d'Luucht goe wäert. Well den Optrag vun der Péitenger Gemeng kënnt, hätt de Projet am Fong missen ëffentlech ausgeschriwwe ginn, wat awer net geschitt ass. Amplaz huet d'Gemeng eng konkret Firma direkt ugeschriwwen, déi och scho fir de Bau vun engem Parkhaus an der Rue Jos Moscardo, dat op deem selwechte Konzept baséiert, responsabel war a mat där hirer Aarbecht een zefridde war. Domadder gouf allerdéngs géint d'Prozedur verstouss, déi am Marchés-publiques-Gesetz festgeschriwwen ass. Datt et zu deem Feeler komm ass, erkläert de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf esou:

"Et ass ee Reflex, wësst Der, ech si lo gläich 40 Joer an der Politik an all déi Joren ass dat ni gemaach ginn, dat lescht Joer ass déi Gesetzgebung komm an da kann eng Kéier sou eppes duerchgoen. An et ass ebe bei eis duerchgaangen an et ass jo lo oft genuch gesot ginn dobaussen, an et ass och zu Recht gesot ginn, ech mengen et ass jo an der Rei. Mee mir hunn draus geléiert a mir maachen et net méi, a wat soll ech Iech soss soen?"

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen kritiséiert, datt et quasi keng Konsequenzen hätt, wann eng Gemeng sech net un d'Gesetz hält. Den Inneminister géing an deem Fall just de béise Fanger weisen an ee Bréif schreiwen. De President vum Gemengesyndicat Syvicol Emile Eicher ënnersträicht iwwerdeems, datt, och wann den Inneminister net méi maache kéint, d'Buergermeeschteren a Schäfferéit trotzdeem zur Rechenschaft gezu kënne ginn.

"Et ass wéi och bei all aneren Decisiounen, och ee Schäfferot ass responsabel a kann esouguer perséinlech responsabel gemaach ginn wann en eng wëssentlech Decisioun hëlt, wou en engem anere schuet oder an deem heite Fall vläicht engem anere keng Chance gëtt, fir an engem Marché matzemaachen. Dann hänkt et vun de Geriichter of, wéi se dat dann dee Moment tranchéieren."

Esou eng Plainte kéim dann normalerweis vun enger Entreprise, déi sech duerch d'Net-Respektéiere vum Marchés-publiques-Gesetz benodeelegt fillt. Zu Péiteng ass dat awer net de Fall, et hätt sech kee beschwéiert, esou de Jean-Marie Halsdorf. De Chantier huet also net mussen ënnerbrach ginn. Mat Bléck op déi nei Ausschreiwungsreegele gëtt de Péitenger Buergermeeschter ze bedenken, datt doduerch vill Zäit, deels iwwert ee Joer, verluer géing goen.

Dem Emile Eicher no kéinten d'Gemenge mat der aktueller Gesetzgebung liewen. Hien ass sech mam Jean-Marie Halsdorf awer doriwwer eens, datt déi ganz Prozedur zimmlech komplex wier an deementspriechend och dacks vill méi laang dauere géing, wéi et de Gemenge gefält, mee:

"Et ass awer sou, datt elo dru geschafft gëtt, fir zousätzlech Krittäre mat eran ze huelen an do war d'Observatioun an der Chamber, datt mer oppasse mussen, datt mer déi Prozedur, déi scho komplex ass, net nach méi verkomplizéieren. Mee datt een do och Weeër fënnt, fir dat gutt iwwer d'Bün ze bréngen an ouni domadder ze vill Zäit ze verléieren." Wann et zu gréisseren Ännerunge komme sollt, plädéiert ee beim Syvicol dofir, datt den Inneministère an déi verschidde Regioune vum Land geet an dës presentéiert. Dat wier an der Vergaangenheet och schonn eng Kéier geschitt, allerdéngs hätt den Erfolleg sech deemools a Grenze gehalen.

De Syvicol selwer organiséiert iwwregens ëmmer am Ufank vun enger Legislaturperiod Formatiounen, wou virop déi nei Gemengeconseillere mat de juristeschen Detailer vertraut gemaach ginn. An do gëtt dann och d'Marchés-publiques-Gesetz thematiséiert.

Back to Top
CIM LOGO