Fir 5.923 SchülerE Mëttwoch ass d'Rentrée op de 7èmes-Klassen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hunn déi aner Lycéesschüler dann hiren éischte Schouldag.
A 17 Lycéeë gëtt et dëst Joer eng 7èmes-Klass, an där den Unterrecht reng op Franséisch ass.

No der Grondschoul en Dënschdeg fänkt e Mëttwoch d'Rentrée am Secondaire un. Dat fir d'éischt emol fir déi 5.923 Schüler a Schülerinne vun de 7èmes-Klassen.

Nei ass, dass dëst Joer 17 Lycéeën eng 7èmes-Klass ubidden, an där reng op Franséisch enseignéiert gëtt. D'lescht Joer waren et der just 10. D'nächst Joer wäert et dann an engem Pilotprojet och dräi Lycéeë ginn, wou just op Däitsch geléiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO