D’Dokteschassociatioun AMMD ass am Clinch mat der CNS a mat der Regierung: Wou läit de Knackpunkt?
Dat froe mer de Moien de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun, den Dr. Chris Roller.
Wéi kënnt een aus der aktueller Sakgaass eraus? Fannen d’Dokteren an d’Politik net awer eng Léisung?
Et geet ëm méi eng fräi Medezin, ëm d’Fro, ob de Patient ëmmer am Mëttelpunkt steet an ëm d'Zukunft vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem.
Dat beschwätze mer alles live um 8 Auer mam Dr. Chris Roller.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.