Am Laf vum DënschdegVéier Blesséierter bei Accidenter mat Motorrieder

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegnomëtteg respektiv Owend goufen d'Secouriste vum CGDIS véier Mol wéinst Accidenter geruff, all Kéiers war e Motorradsfuerer bedeelegt.
© Jeannot Ries

Géint 16:55 Auer en Dënschdegowend gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Uewerstad en Auto an e Moto ze pake kruten. D'Rettungsdéngschter aus der Stad waren hei am Asaz.

Géint 17:07 krut dann zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté en Automobilist e Motosfuerer ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.

E weidere Motocyclist gouf dann eng Stonn méi spéit bei enger Chute zu Mamer blesséiert a vum lokale Rettungsdéngscht versuergt.

Um 23:15 Auer war et dann nees eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Dës Kéier zu Diddeleng an der Avenue Dominique Lang. D'Diddlenger Pompjeeën an Ambulanciere waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO