Am TramOnbekannte rappt Affer Kette vum Hals a leeft fort

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems mellt d'Police nach eng Partie Déifställ.
Den éischten Informatiounen no wier de presuméierten Täter fir d'éischt e puer Mol op säin Affer duergaangen, éier en him vun hannen d'Kette vum Hals gerappt huet.
© Laurent Weber

Géint 22:30 Auer en Dënschdegowend krut d'Police en Tëschefall um Boulevard Prince Henri an der Stad gemellt. Den éischten Erkenntnisser no hate sech eng Fra an e Mann hei an d'Hoer kritt. D'Fra hätt sech duerno wëlle vum Mann fortbeweegen. Doropshi wier dësen hir nogaangen. Dobäi hätt hie si menacéiert, un hire Kleeder gezunn a vun hir verlaangt, dass si him hir Posch gëtt.

D'Fra hätt hir Posch schliisslech fale gelooss an en anere Passant ëm Hëllef gebieden. De Mann hätt hir Posch schliisslech nees néiergeluecht a wier weidergaangen, ouni eppes ze klauen. Et gouf e Protokoll erstallt.

Iwwerdeems mellt d'Police en Iwwerfall am Stater Tram. an der Nuecht op e Mëttwoch krut hei e Mann eng Kette vum Hals gerappt. Den éischten Informatiounen no wier de presuméierten Täter fir d'éischt e puer Mol op säin Affer duergaangen, éier en him vun hannen d'Kette vum Hals gerappt huet an duerno fortgelaf ass. D'Police hat nach op der Plaz eng Enquête an d'Weeër geleet, déi allerdéngs negativ verlaf ass. Eng Partie Géigestänn, déi dem Affer gehéiert hunn an e Kräiz, dat un der Kette gehaangen huet, konnten allerdéngs méi spéit am Tram fonnt ginn. Et gouf e Protokoll erstallt an eng weider Enquête an d'Weeër geleet.

Da krut d'Police nach e weideren Déifstall gemellt. E Mëttwoch goufen op engem Chantier an der Rue Erasme um Kierchbierg an der Stad Kofferkabele geklaut. Onbekannter hate sech hei den éischten Erkenntnisser no Zougang zu enger Lagerhal verschaaft an zwou Kabeltrommele geklaut. Iwwerdeems huet sech erausgestallt, dass e puer honnert Meter Kabelen, déi scho verluecht waren, geklaut gi sinn. Och hei gouf e Protkoll erstallt an eng Enquête an d'Weeër geleet.

Schliisslech gouf dann nach en Abroch an e Gefier an der Rue Emile Bian zu Gasperech gemellt. Hei gouf eng Posch geklaut, an där ënner anerem e Portmonni war. Dës gouf kuerz drop an enger Heck fonnt. Och hei gouf e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO