25 Joer Bio-Wäibau zu LëtzebuergD'Pionéier hu sech duerchgesat

Ryck Thill
Wat viru 25 Joer mat e puer Wéngerten ugefaangen huet, ass haut e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Wäibau.

Haut ginn et op der Musel 24 Wënzer, déi hir Produktioun ganz oder gréisstendeels op Bio ëmgestallt hunn.

Den éischte Privatwënzer, dee just nach Biowäin produzéiert huet, ass d'Domaine Sunnen-Hoffmann. Wéi d'Corinne Sunnen an hire Brudder de Familljebetrib viru 25 Joer ëmgestallt hunn, huet Bio-Wäin zu Lëtzebuerg nach bal keng Roll gespillt. D'Clienten hunn de Bio-Wäin awer gutt ugeholl, sou datt de Betrib dëse Wee weidergaangen ass.

Déi eigentlech Pionéier vum biologesche Wäibau zu Lëtzebuerg war awer d'Stëftung Hëllef fir d'Natur. Scho Mëtt vun den 1990er-Joren huet si ugefaangen, Naturschutz a Wäibau mateneen ze verbannen.

D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen geet dovun aus, datt an Zukunft nach weider Betriber op biologesche Wäibau ëmstelle wäerten. De Staat géif dëse Schrëtt mat Berodung a finanzielle Bäihëllefen ënnerstëtzen. Donieft wieren nei Drauwenzorte vill méi resistent géint Krankheeten. Déi Zorte missten awer nach méi bekannt gemaach gi bei de Konsumenten.

Aktuell ginn et hei am Land ronn 150 Hektar Bio-Wéngerten. Dat entsprécht ongeféier 12 Prozent vun de Parzellen. Domadder läit den Undeel vum Bio-Wäibau iwwer deem Bio-Undeel vun der allgemenger Landwirtschaft.

Back to Top
CIM LOGO