
Wéi d'Police mellt, huet eng Persoun, déi bei der Rouder Luucht stoung, de Vëlosfuerer, deen duerch Rout gefuer war, attackéiert an him an d'Gesiicht geschloen. De Vëlosfuerer ass doropshi stoebliwwen an et ass eng handfest Kläpperei draus ginn. Béid Persoune goufe liicht blesséiert an d'Police huet Protokoller zum Virfall erstallt. Wien déi aner zwou bedeelegt Persoune waren, huet d'Police net preziséiert.
An der Rue de Beggen zu Eesch war en Dënschdeg dann nach ee Virfall, an deem Alkohol eng Roll gespillt huet. Géint 15:15 Auer gouf der Police ee Won gemellt, dee mat engem platte Pneu am Contre-sens iwwert ee Chantier gefuer ass. De Chauffer hätt sichtlech ënnert Alkoholafloss gestanen an hätt virdru schonn eng Béierdous aus engem Geschäft an der Rue d'Eisch geklaut.
Eng Policepatrull konnt de Mann hannert dem Steier kuerz Zäit drop a sengem Doheem untreffen. Wou si den Auto ënnert d'Lupp geholl hunn, ass hinnen opgefall, datt den Auto vir futti war an ee Platten hat. De Chauffer hat iwwerdeems ze vill gedronk an huet sech de Beamte géigeniwwer och ëmmer méi onkooperativ beholl.
D'Situatioun ass schliisslech eskaléiert an de Mann huet ee Beamte gestouss an anerer beleidegt. Wéi et am Policebulletin heescht, konnt de Mann allerdéngs ënner Kontroll bruecht ginn an de Fall gouf zu Protokoll geholl.
D'Police mellt dann och nach eng Rei Fäll, an deene Persounen an d'Ausniichterungszell koumen, well si eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn.
An der Entrée zu der Stater Gare gouf der Police en Dënschdeg eng Persoun gemellt, déi déi "ëffentlech Rou" gestéiert hätt. Op der Plaz hunn d'Beamten ee Mann ugetraff, deen ze vill gedronk hat an dee sech "net berouege" gelooss huet an och net fräiwëlleg gaangen ass.
Ongeféier ëm déi nämmlecht Zäit gouf et zu Dikrech dann nach ee Fall vun enger Fra, déi an engem Buttek an der Rue du Cure d'Cliente belästegt huet. Et koum schliisslech zu enger Ausernanersetzung tëscht der Fra an engem Mataarbechter. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt datt si staark alkoholiséiert war. Si huet ëmmer nees probéiert, d'Beamte mat de Féiss ze trëppelen, genee wéi Sanitäter, déi op d'Plaz geruff gi waren. Och si koum an de Passagearrest.
Géint 21:45 Auer gouf der Police dann nach eng alkoholiséiert Persoun an engem Bus gemellt, déi net méi waakreg ginn ass. Eréischt de Sanitäter op der Plaz ass et gelongen, de Mann waakreg ze maachen. Hie gouf allerdéngs ëmmer méi aggressiv a gouf schliisslech mat op de Policebüro geholl.