Op der Diddelenger AutobunnRonn 450 Chaufferen op der Covoiturage-Spuer erwëscht, obwuel se eleng am Auto souzen

RTL Lëtzebuerg
Zanter Mäerz 2025 gëtt et op der Diddelenger Autobunn eng Spuer reng fir de Covoiturage.
Zanter Mäerz zejoert goufe bal 450 Chaufferen erwëscht, déi op der Covoiturage-Spuer ënnerwee waren, obwuel se eleng am Auto souzen.
© RTL-Archiv

Zanter leschtem Joer goufe 448 Chauffeure vun der Police erwëscht, déi op der Covoiturage-Spuer ënnerwee waren, obwuel se eleng am Auto souzen.

Déi nei Zuele kommen aus enger Äntwert vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes a vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Dan Biancalana an dem Mars Di Bartolomeo vun der LSAP. Wärend et no de Kontrolle vun der Police Protokoller fir d'Chauffere goufen, déi op der falscher Spuer gefuer sinn, sinn d'Radaren, déi schonn installéiert sinn, weiderhi just an enger Testphas aktiv.

Aus der Äntwert vun den zwee Ministere geet och ervir, dass den neien CITA-System vum Hierscht dëst Joer u soll op den Autobunnen installéiert ginn. Aktuell géifen nach technesch Tester lafen.

Den Detail vun der parlamentarescher Äntwert fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO