No Kritik vun AMMD-PresidentMartine Deprez: "Fir de Patient ännert sech näischt!"

Diana Hoffmann
Frank Goetz
No der Kritik vum President vun der Dokteschgewerkschaft AMMD, Chris Roller, huet d'Gesondheetsministesch um RTL-Plateau reagéiert.

D'Martine Deprez weist de Reproche vun der Hypokrisie zeréck. Si hält un den Aarbechtsgruppe mat den Acteuren aus dem Gesondheetssecteur fest a betount, datt de konventionéierte Gesondheetssystem net a Fro gestallt géing ginn.

De Chris Roller hat e Mëttwoch de Moien op RTL Radio ënner anerem kritiséiert, datt vill Zäit an den Aarbechtsgruppe verluer géif goen an datt op där anerer Säit keng Dialogbereetschaft do wier. Fir d'Ministesch muss een awer tëscht den Aarbechtsgruppen an der Konventioun tëscht CNS an Dokteren ënnerscheeden.

"Mir sinn eis eens ginn, datt mer déi Aarbechtsgruppe viruféieren", seet d'Martine Deprez. D'Gruppen hätten zanter Januar un Theeme wéi den Accès zum Gesondheetssystem, d'Waardezäiten an d'Organisatioun vun den Urgencë geschafft. De Mëttwoch wier Bilan gemaach ginn, wou déi eenzel Dossieren dru sinn. Op de Reproche, et wier Zäit verplempert ginn, äntwert si, dat wier "eng Appreciatiounssaach". An de verschiddene Gruppe wier schonn Aarbecht geleescht ginn, déi elo soll virugefouert ginn.

Konventioun bleift d'Zil

Nodeems d'Regierung d'Bestëmmungen aus der Konventioun - déi op en Enn komm ass - an e Règlement grand-ducal iwwerholl huet, stellt sech d'Fro, ob eng nei Konventioun iwwerhaapt nach néideg ass.

Fir d'Ministesch ass d'Äntwert kloer, datt eng Konventioun e wichtegt Instrument géing bleiwen. D'Konventioun géing erlaben, bei Problemer tëscht CNS an Doktere "relativ séier" nozebesseren. E Règlement grand-ducal misst dogéint eng laang legislativ Prozedur duerchlafen.

Gläichzäiteg wëllt si d'Patiente berouegen. "Fir de Patient ännert sech näischt", betount d'Martine Deprez. Déi obligatoresch Elementer aus der Konventioun wieren am Règlement grand-ducal iwwerholl ginn, esou datt och d'Remboursementer weider fonctionéiere géifen.

Och de Reproche vum Wuertbroch weist si zeréck. Am Koalitiounsaccord géif stoen, datt "la médecine conventionnée sera maintenue". D'Regierung wéilt de System doriwwer eraus awer och verbesseren, ënner anerem bei Waardezäiten an der Betreiung vun de Patienten duerch de Gesondheetssystem.

Debatt iwwer Tariffer bleift

En anere Sträitpunkt bleift d'Fro vun den Dokteschtariffer an der éischter Klass am Spidol. D'LSAP hat bedauert, d'Regierung hätt d'Geleeënheet verpasst, déi méi héich Tariffer am neie Règlement ofzeschafen.

D'Martine Deprez seet awer, dat wier "keen Objet gewiescht". D'Aufgab wier et gewiescht, d'Konventioun an e Règlement grand-ducal z'iwwerféieren, ouni eenzel Bestëmmungen nei ze verhandelen. D'Diskussioun iwwer dës Tariffer wier iwwerdeems net nei. Si erënnert drun, datt se schonn zanter der Aféierung vun de Garden an Astreinte géif gefouert ginn an och an de Jore virdrun hätt kënnen opgeworf ginn.

Trotz der pessimistescher Prognos vum AMMD-President, datt et ni méi "esou eng Konventioun" géif ginn, bleift d'Ministesch optimistesch. Laut dem Code vun der Sécurité sociale missten d'Prestatairë mat der CNS iwwer eng Konventioun verhandelen. Si hofft, datt no de Reformen an den Aarbechtsgruppen "vläicht erëm eng Konventioun" ënnerschriwwe ka ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO