
Nodeems e Mëttwoch ronn 6.000 Schülerinnen a Schüler hiren éischte Schouldag op Septième haten, ass et haut un deenen aneren an de Lycéeën. Am Ganze si fir dëst Schouljoer 55.926 Schüler am Secondaire ageschriwwen, nach eng Kéier gutt 1000 méi wéi nach d’lescht Joer. 6.175 Proffen halen am Enseignement public Cours. Zwee Drëttel dovu si Fonctionnaire, déi aner Employé de l’État.
Deen ëffentleche Lycée, an deen déi meescht Schüler ginn, ass iwwregens de Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg an hei um Kierchbierg mat 2.423 Aschreiwungen. Mam Lycée Mathias Adam zu Péiteng sinn et déi eenzeg zwee, an déi méi wéi 2.000 Schüler higinn.