Bis 2030 soll 37 Prozent vun der Endenergiekonsommatioun am Land aus erneierbare Quelle kommen. Dat fuerdert de PNEC, de nationalen Energie- a Klimaplang.
Wéi grouss ass dobäi d'Roll vun der Wandenergie? Si mir aktuell iwwerhaapt um Wee, fir déi ambitiéis Ziler vum PNEC ze erreechen? A wat sinn déi grouss Defie fir d’Branche? Dat froe mer en Donneschdeg de Moien de Paul Zeimet. Den Direkter vu Soler, eng Lëtzebuerger Societéit fir Erneierbar Energien, ass kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.