112 deelt matAutomobilist kritt an der Stad e Foussgänger ze paken

RTL Lëtzebuerg
Niewent dësem Accident gouf och eng Persoun an der Hollerecher Strooss bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe blesséiert.
Archivbild
© CGDIS

Zu Hollerech koumt et en Donneschdeg géint 15:30 Auer an der Hollerecher Strooss zu engem Accident. Hei krute sech zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf beim Virfall blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus der Stad.

Um kuerz no 16 Auer koum et dann zu engem weideren Accident, dat an der Diddenuewener Strooss an der Stad. Hei krut en Automobilist mat sengem Gefier e Foussgänger ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert, och hei waren d'Rettungsekippen aus der Stad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO