Invité vun der Redaktioun (18. September)Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie sinn déi schlecht PISA-Resultater Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et wier Zäit, nees d'Leeschtung an de Fokus ze réckelen, dat war déi éischt Reaktioun vun der Proffegewerkschaften Féduse op déi neiste schlecht PISA-Resultater. Besonnesch am Liesen an der Mathé hu sech d'Resultater vun de Jonken zu Lëtzebuerg weider verschlechtert. Nach ni huet Lëtzebuerg am internationale Verglach sou schlecht ofgeschnidden wéi dës Kéier. Läit dat nëmmen um exzessive Handygebrauch? Wat muss déi schoulesch Äntwert op den neie PISA-Schock sinn? An ass den Echec d'Suite vun enger falscher Educatiounspolitik? Dat froe mer alles de President vun der Proffegewerkschaft Raoul Scholtes de Moien um 8 Auer. Hien ass eisen "Invité vun der Redaktioun" live um Radio.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO