
Gewuer ze ginn ass ënnert anerem, datt am Laf vum Joer 2025, 6.439 Puppelcher hei am Land op d'Welt komm sinn.
Den Duerchschnëttsalter läit aktuell bei 39,5 Joer fir männlech Residenten a bei 40,9 bei de Fraen.
2.604 Koppelen hu sech bestuet, 1.367 gescheet.
Um Niveau vum Sport läit de Futtball un der Spëtzt mat insgesamt 50.928 Lizenzen. Duerno kommen den Tennis mat 15.417, d'Gymnastik mat 8.639 an de Basket mat 7.157.
An der Moyenne gëtt e Lëtzebuerger Resident dann och 1.304 Euro fir eng Vakanz aus.
Am Räichste sinn d'Awunner vun Nidderaanwen. Do läit d'Median-Akommes pro Kapp nämlech bei iwwer 7.000 Euro de Mount an et sinn aktuell eppes méi wéi 461.000 Autoen zu Lëtzebuerg ugemellt.
Da sinn och iwwer 460.000 Autoen zu Lëtzebuerg immatrikuléiert, dovunner 39.182 elektresch a 70.686 Hybriden.