
Kuerz viru 17:00 Auer war et op der Route de Trèves zu Nidderaanwen zu engem Accident tëscht zwee Gefierer komm, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. Am Asaz war d'Air Rescue, d'Ambulanz vu Jonglënster an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen.
Eng Stonn méi spéit koum et op der Tréierer Autobunn A1 a Richtung Tréier zu engem Accident. Tëscht dem Tunnel Houwald an dem Iergäertchen hate sech dräi Autoen ze pake kritt. Dobäi si véier Persoune blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanz an de Samu aus der Stad, eng Ambulanz vu Mamer an d'Stater Pompjeeën.
Géint 18:42 Auer war an der Éilerenger Strooss zu Esch-Uelzecht eng Persoun ugestouss ginn. De Stater Samu, d'Ambulanz vun Center SaDiff an d'Pompjeeë vun Esch hu sech drëms gekëmmert.
Um 21:30 Auer sollt dann och nach an der Stad, an der Rue d'Anvers, eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Si koum blesséiert mat der Stater Ambulanz an d'Spidol.