Visitt mat Mobilitéitsministesch Yuriko Backes zu Colmer-BiergGrand-Duc Guillaume huet sech op d'Schleiderplack vum Centre de formation pour Conducteurs gewot
E Mëttwoch stoung am Formatiounszenter fir Autosfuerer (CFC), deen dëst Joer säin 30. Anniversaire gefeiert huet, héije Besuch um Programm.
Verëffentlecht: 17.09.26 15:37, Update: 17.09.26 16:06
D'Transport- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes war fir eng Visitt op der Plaz, zesumme mam Lëtzebuerger Staatschef, dem Grand-Duc Guillaume. An engem Facebookpost huet d'Ministesch ënnerstrach, wéi wichteg d'Aarbecht vum CFC wier, deen zejoert 13.000 Participantë gezielt huet.
An de Grand-Duc Guillaume war esouguer "mattendran wéi just dobäi": An engem Video op der Instagramsäit vum groussherzoglechen Haff ass ze gesinn, wéi hie selwer hannert dem Steier vun engem Auto sëtzt a sech op déi berüchtegt Schleiderplack wot.
Weider kruten de Grand-Duc an d'Yuriko Backes déi aner Beräicher vum Zenter gewisen.
Grand-Duc Guillaume a Mobilitéitsministesch Backes op Visitt am Centre de formation pour Conducteurs (16.9.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.