
Dräi Persoune goufen der Police gemellt, déi an engem Zuch anere Passagéier e Messer gewisen an dovunner Fotoe gemaach hunn. Nodeems den Zuch zu Beetebuerg gestoppt gouf, hu Policebeamten déi dräi kontrolléiert, wouropshin nieft dem Messer och Pefferspray an eng kleng Quantitéit Haschisch séchergestallt goufen. Bei zwee vun den Involvéierte goufen op Uerder vum Parquet perséinlech Donnéeën opgeholl.
Da gouf d'Police am weidere Laf vum Owend wéinst Sträit op zwou Plaze geruff. Zu Ierpeldeng hat e Mann bei enger Ausenanersetzung mat enger Fra Géigestänn futtigemaach an d'Fra och geschloen. Hie gouf an den Arrest bruecht, well hien ëmmer méi aggressiv ginn ass an och fir sech selwer an anerer eng Gefor duergestallt huet. Et gouf Protokoll erstallt, ënnert anerem wéinst Kierperverletzung a Saachbeschiedegung.
An der Nuecht op e Freideg gouf et dann nach e Sträit tëscht zwou Persounen bei der Avenue de la Gare. Eng vun hinne war extreem alkoholiséiert an huet sech och net berouege gelooss, wouropshin d'Police se huet missen an de Passagearrest bréngen.