CGDISVéier Blesséierter bei Accidenter am Laf vun e Samschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Samschdegnomëtteg bis Sonndegmoie fréi gouf et fir d'Secouriste vum CGDIS eng Rei Asätz, wéinst Accidenter ma och Dampentwécklungen.
En Asazgefier vum CGDIS (Archivbild)
© Jeannot Ries

Géint 17:45 Auer hat sech um CR122 tëschent Dräibuer a Fluessweiler e Cyclist bei enger Chute blesséiert. D'Secouriste vu Mäertert a Wuermer hate sech ëm hie gekëmmert.

Kee Blesséierte gouf et bei enger Kollisioun tëschent zwee Autoen op der N7 tëschent Maarnech an Housen, wou d'Housener a Clierfer CGDIS-Ekippen am Asaz waren.

Um fréie Sonndegmoien, géint 4:20 Auer gouf et um Scheedhaff a Richtung Sandweiler eng Kollisioun tëschent méi Autoen, bei där dräi Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren zwou Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad, wéi och eng Ambulanz vu Réimech.

Nieft Accidenter hat de CGDIS et och mat Bränn oder Dampentwécklungen ze dinn: E Samschdeg kuerz virun 21 Auer a géint 21:30 Auer hat et jeeweils zu Waasserbëlleg an der Rue des Bateliers an un der Porte de France zu Esch an der Strooss gedämpt. Zu Schued koum awer keen. Zu Esch waren déi lokal Pompjeeën am Asaz, zu Waasserbëlleg déi vu Mäertert.

Zu engem Brand koum et iwwerdeems och an der Industriezon Gadderscheier zu Suessem. Méi Detailer hei:

Back to Top
CIM LOGO