D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de KannaNiuuss dës Woch: Nei Kannerreporter, Schoulrentrée, Pisa-Test, Kids Act

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee um Enn vun der Kannativi-Emissioun.

An den éischte KannaNiuuss vun der Saison kucke mer op d'Rentrée: Dëst Joer si 64.000 Kanner am Fondamental a 50.000 Jonker am Secondaire nees an d'Schoul gaangen. Wat ass alles nei dëst Joer? Da bleiwe mir nach beim Thema Schoul, well rezent gouf vill iwwert de Pisa-Test geschwat an dass d'Resultater besonnesch am Liesen dëst Joer manner gutt waren ewéi virdrun. De Pisa-Test ass eng Etude, déi Schüler vu 15 Joer all puer Joer matmaachen an do gëtt gekuckt, wéi staark si sinn an den Naturwëssenschaften, an der Mathé an am Liesen.

A soss erkläre mir, wat et mat der Ried zur Lag vun der Unioun op sech huet, spezifesch geet et ëm de Kids Act, also d'Verbuet vun de soziale Medie fir Kanner. Wat denken déi Jonk zu Lëtzebuerg a wat bedeit dat genee?

Virum Summer hate mir erzielt, datt eng ganz Partie Mëllechbaueren zu Lëtzebuerg Probleemer haten, well Ekabe hir Mëllech an d'Zukunft net méi wéilt kafen. Do hunn d'Baueren awer fir déi nächst 4 Joer mol eng Léisung fonnt.

An am Reportage geet et ëm eis Kannerreporter. Ufank dës Joers hate mir e Casting, fir dee sech 40 Kanner gemellt haten. Aus deenen hu mir 7 Kanner erausgesicht, déi vun elo un eis Kannerreporter sinn: d'Elina, d'Finja, de Leo, d'Maite, den Nevio, de Jonas an d'Saira. Si stelle mir elo offiziell vir, a weisen, wéi mir si op Reportagë virbereeden. Deemnächst wäerten dann och Reportagë vun hinnen an de KannaNiuuss kommen.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

All d'Emissiounen um RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO