KannaNiuussSiwen nei Kannerreporter sti virun der Kamera

Julie Thilges
D'Elina, d'Finja, de Jonas, de Leo, d'Maite, den Nevio an d'Saira sinn déi nei Reporter an de KannaNiuuss.
Déi nei Kannerreporter
Déi nei Kannerreporter.
© Tim Morizet

Am Dezember zejoert hate mir en Opruff gestart fir nei Kannerreporter fir eis KannaNiuuss. 40 Kanner hate sech gemellt a goufen op e Casting invitéiert, siwe vun hinne goufen als Kannerreporter erausgesicht. A genee déi stelle mir Iech hei vir.
Si sinn déi zweet Generatioun vu Kannerreporter, déi bei eise KannaNiuuss matschaffen: d'Elina, d'Finja, de Jonas, de Leo, d'Maite, den Nevio an d'Saira. Si goufen op en Trainingsdag bei eis invitéiert a kruten erkläert, wéi e Journalist eng gutt Fro stellt, wat e gudden Interviewpartner ass, wéi ee verschidde Reportagë kann ugoen a wéi ee virun enger Kamera schwätzt.

KannaNiuuss
Siwen nei Kannerreporter sti virun der Kamera

Zesummen hu mir verschidden Theeme gesammelt, déi an de Reportagë kënnen agebaut ginn, well si hu jo all verschidden Interessen an Hobbyen.

Presentatioun um Radio

E Freideg de Moie goufen eis nei Kannerreporter dann och um Radio virgestallt, dat vum Monica Camposeo, Léa Schwartz a Julie Thilges. Hei gouf dann och erkläert, wéi d'Selektioun gemaach gouf.

Presentatioun vun de Kannerreporter op RTL Radio Lëtzebuerg (18.9.26)


Back to Top
CIM LOGO